Gut Aiderbichl

Vu Wikipedia

D'Gut Aiderbichl ass e Bauerenhaff, op deem al a schlecht behandelt Déieren hiert Gnodebrout kréien, e sougenannte Gnadenhof. D'Gut Aiderbichl gouf am Joer 2000 vum Michael Aufhauser an d'Liewe geruff.

Den Haff läit an der Gemeng Henndorf um Wallerséi am Salzburger Flachgau, eng 20 km vu Salzburg ewech. Wuertwiertlech iwwersat bedeit Gut Aiderbichl Gut um Feierhiwwel (Ayd bedeit Feier, Bichl bedeit Hiwwel).

Gut Aiderbichl ass e Refuge fir Déieren déi zum gréissten Deel aus Noutsituatiounen erausgeholl a gerett goufen. Gut Aiderbichl gesäit sech als Plaz wou Mënsch an Déier sech begéinen, wat zum Deel doduerch ënnerstraach gëtt datt se sech och fir Kanner, behënnert an al Mënschen asetzen.

Zanter der Grënnung vu Gut Aiderbichl ass d'Zuel vun den Déiere permanent an d'Luucht gaangen. Haut beschäftegt Gut Aiderbichl iwwer 50 Mataarbechter. Zum Gut gehéiert och e landwirtschaftleche Betrib mat iwwer 60 ha Weed. Zanter 2006 gëtt et en zweet Gut Aiderbichl zu Eichberg bei Deggendorf a Bayern.

Zanter dem 19. September 2009 gëtt et zu Lëtzebuerg d'Aiderbichlerfrenn Letzebuerg a.s.b.l. déi sech fir d'Gut Aiderbichl asetzt.

Déieren[änneren | Quelltext änneren]

Aiderbichl bitt mëtllerweil iwwer 1000 Déiere Schutz, dorënner eng 440 Päerd, iwwer 60 Ranner, méi wéi 50 Geessen, iwwer 80 Schwäin, souwéi och Huesen, Schnuddelhénger, Gänsen, Ieselen, Dauwen, Fiiss a Lamaen. Ënner anerem gëtt et op Gut Aiderbichl och schonn Déiere vu Lëtzebuerg.

Finanzéierung[änneren | Quelltext änneren]

Gut Aiderbichl finanzéiert sech gréisstendeels selwer duerch Entréeën, Merchandising a Parrainagen a kritt keng ëffentlech Subsiden. Prominent Pättere vum Gut Aiderbichl sinn z. B. d'Stefanie Hertel, d'Uschi Glas, de Ralf Schumacher, de Patrick Lindner, den DJ Ötzi, d'Francine Jordi asw. Doraus ergëtt sech eng gewollt staark Medienpresenz. Bis den August 2006 gouf et um ARD-Televisiounsprogramm "Das Erste" eng Serie mam Titel Die Tierretter von Aiderbichl. All Joer op Hellegowend gëtt et op deem Programm eng Sendung déi Weihnachten auf Gut Aiderbichl heescht.

Vun 2007 un gëtt et eemol am Joer eng Sendung Gut Aiderbichl - Das goldene Herz für Tiere.

Ziler[änneren | Quelltext änneren]

Nom Michael Aufhauser ass d'Zil vum Gut Aiderbichl eng Verstännegung tëscht Mënsch an Déier an engem geschützten Ëmfeld z'erreechen. De perséinleche Bezuch zum Déier an déi eethesch Grondsätz solle reflekteiert ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]