Héiss

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Héiss
Eng gesolpert Héiss.
Eng gesolpert Héiss, gekacht a mat Sauermous.

Eng Héiss (och alt ënnert dem franséischen Numm Jarret oder deem däitschen (Schwéngs)-hachs oder -hax bekannt) ass dat ënnescht Been vun engem Schwäin, also dat Stéck tëscht dem Knéigelenk an dem Fousswuerzelgelenk.

Eng Héiss ass gutt duerchwuess, a ronderëm ass eng zolidd Couche Fett. D'Fleesch huet e gudde Goût, muss awer méi laang gekacht ginn, bis et mëll ass. Héisse gi meeschtens gesolpert a ginn, nodeems se gekacht goufen, zesumme mat Gromperen an/oder Sauermous zervéiert.

Besonnesch an däitschsproochege Länner zielt d'Héiss ënnert dem Numm "Eisbein" zu de Kichespezialitéiten.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen