Sauermous

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Sauermous oder Sauere Kabes ass reng geschniddene wäisse Kabes, deen duerch Mëllechsaier-Gärung, déi duerch Asolperen entsteet, konservéiert ginn ass a meeschtens gekacht giess gëtt.

Fir d'Sauermous anzesolpere brauch een en äerdent Dëppen, an dat de gerappte Kabes kënnt. Am Dëppe gëtt de Kabes mam Moustuckert zerstouss, fir datt d'Fasere solle räissen. Doduerch gëtt d'Flëessegtkeet déi an de Kabesblieder ass fräigesat. Et gëtt getuckt bis dat d'Flëssegkeet iwwer dem Kabes steet. Op déi Manéier ginn no an no Loen iwwerenee getässelt. Als Gewierzer gi Salz, Peffer an Neelcheskäpp gebraucht. Dat ganzt gëtt mat engem Deckel zougedeckt op deen e Gewiicht geluecht gëtt. D'Sauermous kan da wann de Solperprozess no ongeféier 6 Wochen afgeschloss ass, an der Kiche gebraucht ginn. Agesolperte Kaabes ka sech esou iwwer ee Joer halen.

Et gëtt ugeholl, datt d'Erfindung vum Sauermous entweder schonns op d'Antikt Griicheland zréck geet, oder awer mat de Mongolen aus Asien an Osteuropa koum, vu wou et dann, wahrscheinlech virun allem duerch Judden, déi et vill an hirer Kiche brauchen, bis an déi haiteg Beneluxlänner, Loutrengen an Elsass no Westen hi verbreet gouf.

Sauermous ass räich u Mëllechsaier, Vitamin A, B, C a Mineralstoffer, an huet wéineg Kalorien (ongef. 19 kcal pro 100 g), sougutt ewéi kee Fett an enthält 3 bis 4% Kuelenhydrater an 1 bis 2% Proteinnen.

Choucroute garnie

Gekacht Sauermous kann als Bäilag servéiert ginn, zu Lëtzebuerg, wéi och a Frankräich, gëtt et awer meeschtens als eegestännege Plat opgedëscht, als sougenannt Choucroute garnie, woubäi da Wirschtercher, Gesolpertes, Speck a soss Charcuterie drop, a gekachte Gromperen derbäi zervéiert ginn.

Sauermous ass och ee vun den 2 Haaptbestanddeeler vum Tierteg.

Commons: Sauerkraut – Biller, Videoen oder Audiodateien