Hëllef:Tabellen
Tabelle sinn eng strukturéiert Duerstellung vun Informatiounen. Si hunn de Virdeel, vis-à-vis vu Lëschten, datt si méi Informatiounen, déi visuell a semantesch strukturéiert sinn, kënnen erfaassen.
Well Tabellen méi komplizéiert sinn wéi normalen Text, solle se nëmmen do agesat ginn, wou et wierklech néideg ass fir eng besser Iwwersiicht ze hunn. Anerefalls kann eng Lëscht genee dee selwechten Déngscht leeschten.[1]
D'Wikipedia huet eng eegen Syntax fir Tabellen ze maachen. Déi klassesch HTML-Syntax kann och agesat ginn.
Inhaltsverzeechnes |
Déi einfachst Method [änneren]
Am einfachsten erstellt een mat engem Tableur (OpenOffice.org Calc oder Microsoft Excel) oder mat engem Textprogramm e Fichier am Format CSV (Comma-separated values), deen een dann mat engem Online-Converter automatesch an eng Wikimedia-konform Tabell ëmwandelt.
Als Beispill hei déi folgend "Einfach Tabell" am CSV-Format:
"Stad";"Autonom Gemeinschaft";"Autonomie zanter";"Bevëlkerung 2007" "Madrid";"Flag of the Community of Madrid.svg Madrid";"1. Mäerz 1983";"3.132.463" "Barcelona";"Flag of Catalonia.svg Katalounien";"22. Dezember 1979";"1.595.110" "Valencia";"Flag of the Land of Valencia (official).svg Valencia";"10. Juli 1982";"797.654"
Einfach Tabell [änneren]
| Stad | Autonom Gemeinschaft | Autonomie zanter | Bevëlkerung 2007 |
|---|---|---|---|
| Madrid | 1. Mäerz 1983 | 3.132.463 | |
| Barcelona | 22. Dezember 1979 | 1.595.110 | |
| Valencia | 10. Juli 1982 | 797.654 |
Quelltext
{| class="prettytable"
|+ Autonom Gemeinschaften a Spuenien
|- class="hintergrundfarbe5"
! Stad !! Autonom Gemeinschaft !! Autonomie zanter !! Bevëlkerung 2007
|-
| [[Madrid]] || [[...|Madrid]] || 1. Mäerz 1983 || style="text-align:right" | {{formatnum:3132463}}
|-
| [[Barcelona]] || [[...|Katalounien]] || 22. Dezember 1979 || style="text-align:right" | {{formatnum:1595110}}
|-
| [[Valencia]] || [[...|Valencia]] || 10. Juli 1982 || style="text-align:right" | {{formatnum:797654}}
|}
Erklärungen
- D'Zeechen
{|steet am Ufank vun enger Tabell an d'Zeechen|}zum Schluss. - D'Attribut
class="prettytable"ass dofir do, fir dass di ganz Tabell no de Virgaben vun der Klass formatéiert gëtt. Dëst gesait vir, dass Trennlinnen tëscht den Zeilen an tëscht den Zellen sinn, an och, dass tëscht dem Inhalt vun der Zell an dem Rand vun der Zell Plaz geloss gëtt (cellpadding). - D'Zeechen
|+erlaabt et en Titel fir d'Tabell ze definéieren, deen zentréiert a fett iwwert der Tabell plazéiert gëtt. - Zeilen, déi mat engem Ausrufezeechen (
!) ufänken, définéieren d'Kappzeilen vun den Tabellen. Den Text an enger Zell vun esou enger Zeil gëtt zentréiert a fettgeschriwwen. Di normal Tabellenzeilen fänken dogéint mat engem senkrechten Trennstrëch (|) un. - D'Zeechen
!!trennen d'Titelzellen vun enger Kappzeil déi niewteneen leien. - Den Tag
|-fänkt eng nei Tabellenzeil un, wann en am Quelltext um Ufank vun der Zeil steet. - D'Zeechen
||trennen Tabellenzellen déi niewteneen leien. - Fir den Inhalt vun enger Tabellenzell rechts auszeriichten, setzt een
style="text-align:right" |virum Inhalt vun der Zell (cf. Kolonn 4). Kuck och → Zelleninhalt ausriichten - D'Schabloun
{{formatnum:3132463}}bewierkt eng automatesch Formatléierung vun Zuelen (cf. Kolonn 4).
Zortéierbar Tabell [änneren]
| Stad | Autonom Gemeinschaft | Autonomie zanter | Bevëlkerung 2007 |
|---|---|---|---|
| Madrid | 1. Mäerz 1983 | 3.132.463 | |
| Barcelona | 22. Dezember 1979 | 1.595.110 | |
| Valencia | 10. Juli 1982 | 0.797.654 | |
| Zomm | 5.525.227 |
Quelltext
{| class="prettytable sortable"
|- class="hintergrundfarbe5"
! Stad !! class="unsortable" | Autonom Gemeinschaft !! Autonomie zanter !! Bevëlkerung 2007
|-
| [[Madrid]] || [[...|Madrid]] || {{Dts|1|Mäerz|1983}} || style="text-align:right" | {{formatnum:3132463}}
|-
| [[Barcelona]] || [[...|Katalounien]] || {{Dts|22|Dezember|1979}} || style="text-align:right" | {{formatnum:1595110}}
|-
| [[Valencia]] || [[...|Valencia]] || {{Dts|10|Juli|1982}} || style="text-align:right" | {{formatnum:0797654}}
|- class="sortbottom hintergrundfarbe5"
| Zomm || || || style="text-align:right" | {{formatnum:5525227}}
|}
Erklärungen
- Bei der Definitioun vun der Klass gëtt d'Attribut
sortablebeigesat:class="prettytable sortable". Dat suergt dofir, datt all Kolonn sortéierbar gëtt, ausser et huet een explizit Kolonnen dovunner ausgeschloss, andeems eenclass="unsortable" |virun dem jeweilegen Titel vun der Kolonn an der Kappzeil gesat huet (hei am Beispill déi 2. Kolonn). - Fir Datumer ze sortéieren brauch een nëmmen d'Schabloun Dts anzesetzen, dobäi gëtt den Datum eenheetlech duergestalt an e gëtt domatter sortéierbar (hei am Beispill déi 3. Kolonn).
- Bei der Sortéierung vun enger Kolonn vun Zuelen, déi riets ausgeriicht sinn, kann et zu Problemer kommen, well d'Zuelen net déi selwecht Längt hunn (cf. déi lescht Kolonn). Entweder et setzt een Nullen virun deene kierzeren Zuelen oder et setzt een de Code
{{formatnum:{{padleft:797654|7|0}}}}an fir z'erreechen datt all d'Zuelen déi selwecht Längt kréien (an dësem Fall setzt de Code souvill Nullen virun der Zuel bis si siewestelleg gëtt). - Fir eng Tabellenzeil aus der Sortéierung auszeschléissen kritt si d'Klass
class="sortbottom"verpasst (hei am Beispill déi lescht Zeil).
Tabellenausriichtung [änneren]
Par défaut ass eng Tabell par Rapport zum Text lénks ausgeriicht.
Rechts Ausriichtung [änneren]
Fir d'Tabell rechts zum Text auszeriichten, muss dat mat der zousätzlecher Klass float-right am Attribut gemaacht ginn: class="prettytable float-right" .
| Virnumm | Numm | Wunnuert |
|---|---|---|
| Léonie | Lamesch | Gantebeensmillchen |
| Léandre | Schrobiltgen | Hannerstuppich |
Quelltext
{| class="prettytable float-right"
|- class="hintergrundfarbe5"
! Virnumm !! Numm !! Wunnuert
|-
| Léonie || Lamesch || Gantebeensmillchen
|-
| Léandre || Schrobiltgen || Hannerstuppich
|}
Zentréiert Ausriichtung [änneren]
Fir d'Zentréieren vun der Tabell par Rapport zum Text gëtt di zusätzlech Klass centered benotzt: class="prettytable centered" .
| Virnumm | Numm | Wunnuert |
|---|---|---|
| Léonie | Lamesch | Gantebeensmillchen |
| Léandre | Schrobiltgen | Hannerstuppich |
Quelltext
{| class="prettytable centered"
|- class="hintergrundfarbe5"
! Virnumm !! Numm !! Wunnuert
|-
| Léonie || Lamesch || Gantebeensmillchen
|-
| Léandre || Schrobiltgen || Hannerstuppich
|}
Tabell op maximal Breed astellen [änneren]
Fir eng Tabell op 100% Breed vum sichtbaren Text anzestellen gëtt di zusätzlech Klass center benotzt: class="prettytable center" . Dobäi gëtt den Inhalt vun den Zellen och zentréiert ausgeriicht.
| Virnumm | Numm | Wunnuert |
|---|---|---|
| Léonie | Lamesch | Gantebeensmillchen |
| Léandre | Schrobiltgen | Hannerstuppich |
Quelltext
{| class="prettytable center"
|- class="hintergrundfarbe5"
! Virnumm !! Numm !! Wunnuert
|-
| Léonie || Lamesch || Gantebeensmillchen
|-
| Léandre || Schrobiltgen || Hannerstuppich
|}
Formatage vun Zelleninhalter [änneren]
Zelleninhalt ausriichten [änneren]
Par défaut ass den Inhalt vun enger Zell lénks ausgeriicht. Fir eng aner Auszeriichtung setzt een dat Stilelement align oder den CSS-Code text-align virum Inhalt vun der Zell.
| Ausriichtung | Formatéiert Zell | Einfache Code | CSS-Code |
|---|---|---|---|
| Lénks | Kuck wou's de stees a ween's de bas, Den Zolwerknapp as kee Parnass! |
keen néideg | keen néideg |
| Zentréiert | Kuck wou's de stees a ween's de bas, Den Zolwerknapp as kee Parnass! |
align="center" | |
style="text-align:center" | |
| Rechts | Kuck wou's de stees a ween's de bas, Den Zolwerknapp as kee Parnass! |
align="right" | |
style="text-align:right" | |
Eidel Zellen [änneren]
Fir sécher ze goen, datt eidel Zellen korrekt duergestalt ginn, soll een dee speziellen Espace drasetzen. Dee Code heescht op Englesch "non breaking space".
Zeilenëmbroch verhënneren oder erzwéngen [änneren]
Eng festgeluechte Breed vun enger Kolonn kann dozou féieren, datt en Zeilenëmbroch automatesch den text op enger onpassender Plaz ënnerbrëcht. D'Zeechen am Plaz vun engem normalen Espace tëschent zwee Wierder verhënnert en Zeilenëmbroch tëschent dëse Wierder. De Code <br /> erzwéngt en Zeilenëmbroch.
| Ëmbroch | Zellentext | Code |
|---|---|---|
| keen | Die unerträgliche Leichtigkeit des Seins | Die unerträgliche Leichtigkeit des Seins |
| verhënnert | Die unerträgliche Leichtigkeit des Seins | Die unerträgliche Leichtigkeit des Seins |
| erzwongen | Die unerträgliche Leichtigkeit des Seins |
Die unerträgliche<br />Leichtigkeit des Seins |
Kuckt och [änneren]
Notten [änneren]
- ↑ Et soll ee keng Tabelle benotzen fir Lëschten a Kolonnen opzedeelen, well dat keng visuell a semantesch Strukturéierung duerstellt. Et ass besser, d'Schabloun Schabloun:Div col anzesetzen, déi de Code vun enger Oplëschtung net ënnerbrécht.