Haf

Vu Wikipedia
Gromperen déi um Haf stinn

En Haf ass an engem Feld oder engem Gaart e klengen Hiwwel deen ëm verschidden Zorte Geméis, besonnesch Knolleplanzen, wéi Gromperen oder Rout Rommelen, ugeluecht gëtt, fir datt d'Knolle sech besser entwéckele sollen.

Am Klenge kann den Haf mat engem Heel gemaach ginn, soss gëtt en Häfert dofir gebraucht. Meeschtens gëtt déi Aktioun gemaach, wann déi éischt Blieder vun der Planz aus dem Buedem kucken. An de moderne landwirtschaftleche Betriber ginn aus Rationalisatiounsgrënn déi Planzen direkt beim maschinelle Setzen op den Haf gesat.

En Haf uleeë gëtt "Heefen" genannt.