Rout Rommel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Rout Rommel
Beta vulgaris vulgaris conditiva

Beta vulgaris vulgaris conditiva
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Ofdeelung: Bléieplanzen
Klass: Rosopsida
Uerdnung: Caryophyllales
Famill: Fuusseschwanzplanzen
Gattung: Ronkelrommelen
Aart: Ronkelrommel
Ënneraart: Rout Rommel
Wëssenschaftlechen Numm
Beta vulgaris vulgaris var. conditiva
L. 1753


D' Rout Rommel, Beta vulgaris subsp. vulgaris var. conditiva[1], ass eng Planz an e Geméis aus der Famill vun de Fuusseschwanzplanzen (Amaranthaceae).

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Ubau

D'Rout Rommel gëtt am Summer direkt an de Buedem geséit. D'Rekolt ass am Hierscht bis zum éischte Frascht.

D'Rommelsméck (Pegomya betae) ass en Insekt dee seng Eeër ënnert d'Blieder vun der rouder Rommel leet. D'Larve friesse Gänk duerch d'Blieder.

[änneren] Gebrauch

Meeschtens ginn déi rout Rommele gekacht. Si kënne waarm giess ginn, oder kal als Zalot. Et kann een och Jus dervunner maachen. D´Stiller an d´Blieder kann ee wéi Päinetsch preparéieren. An Osteuropa gi se gären zu Zopp verschafft (Borschtsch).

Nom Iesse vu gréissere Portioune kann sech den Urin an d'Fäkalie iwwer eng kuerz Zäit rout fierwen, wat awer weider kéng Auswierkungen huet.

[änneren] Inhaltsstoffer

D'Rout Rommel ass kalorienaarm a liwwert vill Mineralstoffer, wéi Magnesium, Eisen, Koffer a Mangan, a Vitamine wéi Folsaier. Si späichert kleng Quantitéite vu Nitraten, déi bei falscher Lagerung zu Nitrite ginn, déi gëfteg sinn. Bei staarkem Erhëtzen, virun allem beim Broden an der Pan, entstinn Nitrosaminen, déi kriibserregend sinn. Rout Rommele soll een duerfir nëmmen eemol an dobäi net ze staark erhëtzen.

[änneren] Referenzen

  1. Lat. Beta = Rommel, vulgaris = gewéinlech, conditivus = fir anzemaachen.
Perséinlech Tools
Nummraim
Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
Aner Sproochen