Halerbaach

Vu Wikipedia
Halerbaach
Däller vun der Halerbaach an der Haupeschbaach (riets),
Originn
Originn Zesummefloss
Plaz Kelleschhaff
Héicht 370 m
Koordinaten 49° 48’ 25.3’’ N
      6° 15’ 58.2’’ O
Konfluenz
Leeft an Schwaarz Iernz
Plaz Vugelsmillen
Héicht 187 m
Koordinaten 49° 49’ 20.0’’ N
      06° 19’ 29.4’’ O
Haaptnieweflëss Siwebaach
Tollbaach
Haupeschbaach
Geographie
Land Lëtzebuerg
Regioun Mëllerdall
Uertschaften Suewelbuer
Freckeisen
Haler
Quellgebitt vun der Halerbaach, hannen am Bild de Kelleschhaff.

Halerbaach ass eng lëtzebuergesch Baach am Kanton Iechternach an deelweis op der Grenz mat dem Kanton Dikrech.

Si huet hir Quellen an engem fiichte Gebitt westlech vum Kelleschhaff tëscht Suewelbuer a Freckeisen, op den zwou Säite vum CR356, op enger Héicht vu ronn 370 Meter. Si leeft vun do no Norden, lénks laanscht den Nisendaller Haff a riets laanscht Suewelbuer, vu wou eng kleng Baach vu lénks derbäikënnt. Do leeft se dann ënner dem CR358 erduerch a verschwënnt da lues a lues an enger Griecht tëscht dem Pletschterhaff an dem Flickenhaff fir dann no Osten a Richtung Haler Millen ze lafen. Op deem Wee kommen nach vu lénks d'Siwebaach an d'Tollbaach derbäi.

Op der Haler Mille geet et ënner dem CR128 erduerch, an direkt duerno kënnt vu lénks d'Bächelche Ramerbur derbäi. Eng 900 Meter weider gëtt se vun der Haupeschbaach, déi vu Beefort kënnt, gefiddert.

Op enger Héicht vun 190 Meter vun der Dominiksmillen un, gëtt hiren Dall da méi breet, a 700 Meter duerno leeft se, op enger Héicht vun 187 Meter, op der Vugelsmillen an d'Schwaarz Iernz.

D'Géigend ëm d'Halerbaach steet zanter 1938 op der Lëscht vun de Monuments classés déi deemools Liste des monuments et des sites classés geheescht huet.[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Halerbaach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mémorial vun 1938 Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2008-08-22.