Helzenerbaach

Vu Wikipedia

D'Helzenerbaach ass eng kleng Baach zu Lëtzebuerg, am Éislek, an der Gemeng Wëntger.

Se huet hir Quell um westleche Bord vum Helzerbësch op enger Héicht vu 469 Meter, 150 Meter südlech vun der Belsch-Lëtzebuerger Grenz bei der Maark LB 266. Op hirem Wee fir op Helzen leeft se déi ganz Zäit an ëstlechter Richtung. Virun Helze lafen zwéi Grief dran, lénks een dee laanscht d'Bëschhikt erofkënnt, a riets een de vum Flouer Kéifenn kënnt.

Eng ronn 800 Meter hanner Helzen nodeem vu lénks d'Baach mat dem Numm Huelburen dragelaf ass, dréint se da weider no Südwesten, duerch eng Supp, fir 900 Meter duerno mat dem Houfelter Kanal, d'Emeschbaach ze bilden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]