Hernán Cortés

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Portrait vum Fernando Cortés

Den Hernán Cortés, gebuer 1485 zu Medellin/Badajoz (Spuenien) a gestuerwen den 2. Dezember 1547 zu Castilleja de la Cuesta bei Sevilla, war e spueneschen Eruewerer.

Am Joer 1501 huet de Cortés säi Jurastudium ofgebrach an hien ass 1504 op San Domingo an dat demolegt Westindien gereest. Do huet hien ënner dem Kommando vum Diego de Velazquez un der Eruewerung vu Kuba deelgeholl an hie gouf dem Velazquez säi Sekretär.

Eruewerung vu Mexiko[änneren | Quelltext änneren]

Den Diego de Velazquez huet dunn de Cortés mat der Erfuerschung vun der mëttelamerikanescher Küst beoptragt. Dobäi ass de Cortés um Festland ukomm an huet Vera Cruz als Stëtzpunkt gegrënnt. Bei der Eruewerung vu Mexiko waren dem Cortés seng Leit den Indianer, déi keng Päerd, keng Gefierer a keng Feierwaffen haten, waffentechnesch héich iwwerleeën. Dobäi koum nach datt d'Azteken hien am Ufank, fir den an hirer Traditioun ugekënnegten wäisse Gott Quetzalcoatl gehalen hunn, an datt déi aner Indianerstaaten am haitege Mexiko, déi sech géint d'Herrschaft vun den Azteke gewiert hunn, sech op d'Säit vun de Spuenier gestallt hunn.

Am Joer 1519 huet de Cortés d'Haaptstad vum Aztekeräich Tenochtitlan ageholl, an den Aztekekinnek Montezuma II. gezwonge sech der spuenescher Kroun z'ënnerwerfen.

D'Goldgier vun de Spuenier an hiert brutalt Missionéieren hunn hire gëttleche Ruff bei den Indianer séier zerstéiert, a si ëmmer méi géint sech opbruecht.

De Cortés huet héieren datt de Pánfilo de Narváez mat enger Arméi bei Vera Cruz u Land gaange war, fir hien, wéinst senger eegemächtiger Eruewerung, am Optrag vum Gouverneur vu Kuba ze verhaften. Doropshin huet de Cortés just e puer Zaldoten zu Tenochtitlan zréckgelooss an huet mat dem Rescht vu senge Leit géint de Navéz gewonnen, an et ass him gelongen dem seng Zaldoten fir sech ze gewannen. Duerno ass de Cortés mat 1300 Mann an d'Haaptstadt Tenochtitlan zréckkomm, wou et wéinst de Grausamkeete vu sengem Vertrieder Pedro de Alvarado zu engem Opstand géint d'Spuenier komm war. D'Spuenier hu sech nuets missen ënner schwéiere Verloschter aus Tenochtitlan zréckzéien an hunn och all hir Räichtëmmer an der Stad missten zréckloossen. Si konnten awer géint d'Arméi vun den Azteken, déi si verfollegt huet an déi hinnen zueleméisseg iwwerleeë war, an der Géigend vun Otumba eng Schluecht gewannen.

Duerno hunn de Cortés a seng Truppe sech an der hinne frëndlech gesënnter Stad Tlaxcala erholl. Mat Hëllef vu weidere spueneschen souwéi villen indianischen Truppen huet de Cortés 1521, no enger Belagerung déi 3 Méint gedauert huet, d'Stad Tenochtitlan (dat haitegt Mexico-City), déi bal ganz zerstéiert war, definitiv eruewert. De Cortés huet duerno a kuerzer Zäit dat ganzt Aztekeräich eruewert.

Am Joer 1522 ernennt de spuenesche Kinnek Karel I. de Cortés zum Gouverneur a Generalkapitän vun Neispuenien.

An de Jore 1524 bis 1526 huet hien Expeditiounen an dat haitegt Nicaragua, an an Honduras gemaach.

Am Joer 1528 ass de Cortés zréck a Spuenien gesegelt fir sech mam Kinnek ze treffen, a fir sech do géint Intrigen besser kënnen ze wieren.

De Kinnek ernennt doropshin de Cortés zum Marquis, a gëtt him eng ganz Rei Lännereien, oni hien awer als säi Vertrieder a Mexiko z'ernennen. De Cortés geet zréck a Mexiko wou hien de Kommando iwwer déi spuenesch Truppe weider 10 Joer behale sollt.

Wéi dunn den Antonio de Mendoza als Vizekinnek an Neispuenien geschéckt gëtt, ass de Cortés verbattert definitiv a Spuenien zréckkomm.

Commons: Hernán Cortés – Biller, Videoen oder Audiodateien