Honoré Daumier

Vu Wikipedia
Honoré Daumier
Pseudonym Daumier, Honore, Daumier, Honore Victorin
Gebuer 26. Februar 1808
Marseille
Gestuerwen 10. Februar 1879
Valmondois
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Moler, Bauzeechner, Karikaturist, Sculpteur, Graveur, Illustrateur, Graphiker

Den Honoré Daumier, gebuer de 26. Februar 1808 zu Marseille a gestuerwen den 10. Februar 1879 zu Valmondois (Val d'Oise), ass e franséische Moler, Sculpteur, Karikaturist a Lithograph.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

1828 mécht den Honoré Daumier seng éischt Lithographië fir d'Zeitung La Silhouette, 1830 seng éischt Karikature fir d'Zäitschrëft La Caricature, an 1832 ass den Ufank vu senger laangjäreger Zesummenaarbecht mat der Zeitung Le Charivari, déi deemools eng bedeitend Roll am politesche Liewe gespillt huet.

1832 gouf hie wéinst enger Karikatur, déi de Kinnek Louis-Philippe I. als Gargantua duergestallt huet, zu 6 Méint Prisong verurteelt.

Vun 1835 u mécht den Daumier keng politesch Karikature méi, well eng Rei Zensur-Gesetzer agefouert goufen. Hien huet sech dunn op gesellschaftlech Theeme konzentréiert.

Hien huet Romaner vum Honoré de Balzac illustréiert.

Seng Gebuertsstad Marseille huet him zu Éieren e Buste aus Bronze beim Hôtel Dieu vu Marseille opgestallt.

Galerie & Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Besson, George, 1959. Daumier. Éditions Cercle d'Art, Paris.
  • Cherpin, Jean, 1979. Daumier et la sculpture. Avant-propos d'André Ducasse et de Pierre Guiral. 218 p. Arts et livres de Provence n°100, Marseille.
  • Fuchs, Eduard (Hrsg.), o.J. Honoré Daumier. Lithographien: 1828-1851. Mit 47 Textillustrationen und 72 in Originalgrösse nachgezeichneten Lithographien. 62 S. + Anhang. Albert Langen Verlag, München. Druck: Hesse & Becker, Leipzig.
  • Fuchs, Eduard (Hrsg.), o.J. Honoré Daumier. Lithographien: 1852-1860. Mit 19 Textillustrationen und 72 in Originalgrösse nachgezeichneten Lithographien. 32 S. + Anhang. Albert Langen Verlag, München. Druck: Hesse & Becker, Leipzig.
  • Fuchs, Eduard (Hrsg.), o.J. Honoré Daumier. Lithographien: 1861-1872. Mit 15 Textillustrationen und 72 in Originalgrösse nachgezeichneten Lithographien. 26 S. + Anhang. Albert Langen Verlag, München. Druck: Hesse & Becker, Leipzig.
  • Lévêque, Jean-Jacques, 1999. Honoré Daumier (1808-1879): Les dessins d'une Comédie humaine. 192 p. ACR Edition, Courbevoie (Paris). (An der Nationalbibliothéik ze kréien)
  • Rothe, Hans (Hrsg.), 1926. Daumier und der Krieg. 64 Tiefdruckillustrationen nach Originallithographien. Paul List Verlag, Leipzig.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Honoré Daumier – Biller, Videoen oder Audiodateien