Hot Hot Hot

Vu Wikipedia
Hot Hot Hot
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Éisträich
Belsch
Produktiounsjoer 2011
Première 2011
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Beryl Koltz
Dréibuch Beryl Koltz
Fotografie Jako Raybaut
Musek André Dziezuk
Produzent Samsa Film
Amour Fou
Artémis Productions
Schauspiller
Rob Stanley als Ferdinand
Joanna Scanlan als Mary-Ann
Gary Cady als Knut
Amber Doyle als Isadora
Angela Bain als Eleanor
Jane Goddard als Yvonne
Bentley Kalu als Oman
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Hot Hot Hot ass e Spillfilm vun der lëtzebuergescher Regisseurin Beryl Koltz. E koum den 21. Oktober 2011 an d'Kinoen.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Ferdinand, e scheien, introvertéierte Mann an déi véierzeg, schafft zanter Jore bei Fish Land, engem groussen Aquarium, deen Deel vun engem Fräizäitpark ass. Enges Daags gëtt hien an de Sauna- an Hammam-Deel vum Park versat, wou e stënterlech mat Plakegkeet, Sënnlechkeet a soss Lackelechkeete vum Liewe konfrontéiert gëtt...

Spectateuren[änneren | Quelltext änneren]

2011 waren 2.839 Leit de Film zu Lëtzebuerg an de Kino kucken.[1]

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Film krut 2012 de Lëtzebuerger Filmpräis fir de beschte Fiktiounsfilm.

E koum dat selwecht Joer op DVD eraus.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. alta.lu: Box-office luxembourgeois officiel des productions et coproductions luxembourgeoises, Zuele vum CNA vun 2018