Hydrant

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
En Iwwerflurhydrant

En Hydrant ass en Deel vun der zentraler Läschwaasserversuergung vu Stied a Gemengen. En erméiglecht de Pompjeeën, awer och ëffentlëchen (z.B. Gemengendéngscht, Ponts et Chaussées) a privaten (z.B. Konstruktiounsfirmen, Betriber, Gemengeclibb fir Fester) Benotzer, Waasser aus dem ëffentleche Waasserleitungsnetz ofzezapen.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Iwwerflurhydrant

En Iwwerflurhydrant ass, wei de Numm et seet, e fest installéierten Hydrant iwwer dem Buedem an huet e puer Ofgäng mat genormte Kupplungen. Üblecherweis sinn dës d'Nenngréisste B oder C a manner dacks och A, wat demno vun der Zouleitung ofhänkt.

Bei engem Pompjeesasaz gi fir d'Waasserversuergung eng oder zwou B-Leitunge bei d'Sammelstéck um Pompelagang verluecht. Beim Gebrauch vun zwee B-Schläich ass den Drockoffall an der Zouleitung net esou grouss, wéi wa nëmmen ee Schlauch geholl gëtt. Esou kann eng méi grouss Streck iwwerbréckt a Waasserquantitéit ofgezaapt ginn.

[änneren] Ënnerflurhydrant

Ënnerflurhydrantendeckel

Vum Ënnerflurhydrant ass no baussen just den Hydrantendeckel sichtbar. Den Hydrant selwer läit gutt protegéiert ënnert dem Buedem. Virun der Benotzung muss een de Standrouer opsëtzen an den Hydrant mam Hydranteschlëssel opdréien.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Fire hydrants – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen