Idroséi
Den Idroséi (it.: Lago d'Idro, och Erídio) ass e Séi an Italien an der Provënz Brescia an der Lombardei, op der Grenz mat der Regioun Trentino-Alto Adige.
De Séi huet eng Fläch vun 11,4 km², en ass ronn 10 km laang, op der breetster Plaz huet en 2,1 km an déi déifste Plaz huet 122 Meter. E läit op enger Héicht vun 368 Meter. De Séi, deen aus der Äiszäit staamt, gëtt vun de Flëss Chiese a Caffaro gefiddert. Et ass de Chiese, deen den Numm um Auslaf behält.
De Séi gëtt vu Fëscher exploitéiert an et ass d'Waasserreserve fir d'Bewässerunge vun der Géigend ëm Brescia a Mantua. Am Summer bréngt de Séi et, grad ewéi de Gardaséi, op Temperature bis zu 25°C.
Uertschaften op sengen Uwännere sinn Idro, Lazzano-Tre Capitelli, Lemprato, Pieve Vecchia, Anfo, Parole, Sant'Antoni, Vesta a Ponte Caffaro.
Geographesch Koordinaten:
45° 46’ 31’’ N 10° 30’ 42’’ O