Isère (Schëff)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Transportschëff Isère. Fir aner Bedeitunge vun deem Wuert, kuckt wgl. Isère.

D'Isère war an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert en Transportschëff vun der franséischer Marinn. Den 900-Tonner war nieft de Fregatte Couronne an Héroïne eent vun den éischte Schëffer mat enger Coque aus Eisen dat an der Werft vu Caudan gebaut gouf.

Technesch Donnéeen:

  • Längt: 62.20 m
  • Breet: 9.43 m
  • Déifgang: 5.00 m
  • Undriff: Dräimaster mat Rechteckseegelen, an Dampmaschinn mat 550 PS.
  • Vitess: 8 Kniet
  • Equipage: 5 Offizéier a 64 Mann
  • Ausser Déngscht gestallt: 1909

D'Schëff gouf international bekannt well et 1855 ënner dem Kommando vum Gabriel Lespinasse de Saulne d'Fräiheetsstatu agepaakt an 210 Këschten, vu Rouen op New York transportéiert huet.

1909 gouf d'Isère desarméiert a koum den 29. Abrëll 1924 an den Hafe vu Lorient. Do huet se bis 1925 als Ponton gedéngt. Bei engem Brand vun de Mazoutsreservoiren an der Cité du Priatec am Juni 1940 war se mat beschiedegt ginn. No der Besetzung duerch d'Wehrmacht huet se der däitscher Krichsmarine als Schwammquai gedéngt un deem d'U-Booter riets a lénks konnten uleeën.

1945 bei de Evenementer vun der Poche de Lorient war eng Bomm dropgefall. Schliisslech huet déi däitsch Besatzung se tëscht dem Hafe vu Sainte Chaterine an der Insel Saint-Michel versenkt, wou se haut nach läit.