Ismail Kadare

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Ismail Kadare 2007 (lénks)

Den Ismail Kadare (heiansdo och Ismail Kadaré), gebuer den 28. Januar 1936 zu Gjirokastra a Südalbanien, ass en albanesche Schrëftsteller.[1] Seng Bicher sinn an iwwer 30 Sproochen iwwersat ginn.[2] De Kadare ass schonn e puer Mol fir de Literaturnobelpräis virgeschloe ginn.[3]

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Ismail Kadare as 1936 an eng net reliéis Beamtefamill gebuer ginn. Bis 1958 huet hie Literaturwësseschaften op der Universitéit zu Tirana studéiert, éier en bis 1961 seng Studien zu Moskau weidergemaach huet. Dat selwecht Joer ass hien zréck an Albanien gaangen, wou e sech als Lyriker, Auteur, Romancier an Essayist probéiert huet. Säi litterareschen Duerbroch hat hie mam Roman "Gjenerali i ushtrisë së vdekur" (Der General der toten Armee / Le général de l'armée morte) vun 1963.

De Kadare huet sech duerno séier als bekanntsten albaneschen Auteur etabléiert an huet och am Ausland séier u Renommee gewonnen.

Seng politesch Roll am kommunisteschen Albanien ass haut ëmstridden.[4] De Kadare war Member vun der kommunistescher Partei a vun 1970 bis an d'achtzeger Joren Deputéierten am Parlament, gläichzäiteg war hien awer ville Feindlechkeeten ausgesat an ass och zenséiert ginn. Trotzdeem huet den albaneschen Diktator Enver Hoxha et wéinst dem Kadare senger Bekanntheet am Ausland net gewot, him eppes unzedoen. Mëtt den 1980er huet de Kadare de Regime ëmmer méi staark kritiséiert an am Oktober 1990 sinn hien a seng Famill aus Protest géint déi ze lues Demokratiséierung duerch de leschte kommunistesche Staatschef Ramiz Alia an d'politischt Asyl a Frankräich gaangen. Nom demokrateschen Ëmbroch ass hien erëm an Albanien zréckgaangen a lieft haut tëscht Tirana a Paräis.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Auswiel u Wierker vum Ismail Kadare:
Joer Albaneschen Titel Däitschen Titel Franséischen Titel Engleschen Titel
1963 Gjenerali i ushtrisë së vdekur Der General der toten Armee Le général de l'armée morte The General of the Dead Army
1965 Përbindëshi / Le monstre The Monster
1968 Dasma Die Hochzeit / The Wedding
1970 Kështjella Die Festung / The Castle / The Siege
1971 Kronikë në gur Chronik in Stein Chronique de la ville de pierre Chronicle in Stone
1975 Nëntori i një kryeqyteti November einer Hauptstadt Novembre d'une capitale /
1977 Dimri i madh Der große Winter L'hiver de la grande solitude / Le Grand Hiver The Great Winter
1978 Pashallëqet e mëdha Der Schandkasten La niche de la honte /
1978 Ura me tri harqe Die Brücke mit den drei Bögen Le pont aux trois arches The Three-Arched Bridge
1979 Kush e solli Doruntinën? Doruntinas Heimkehr Qui a ramené Doruntine? Doruntine
1980 Prilli i thyer Der zerrissene April Avril brisé Broken April
1984 Sjellësi i fatkeqësisë - Islamo nox Die Schleierkarawane / /
1985 Viti i mbrapsht Das verflixte Jahr L'année noire /
1985 Nata me hënë Nacht mit Mond / /
1988 Koncert në fund të dimrit Konzert am Ende des Winters Concert en fin de saison / Le concert The Concert
1990 Dosja H Die Akte H. Le Dossier H. The File on H
1992 Piramida Die Pyramide La pyramide The Pyramid
1996 Pallati i ëndërrave Der Palast der Träume Le palais des rêves The Palace of Dreams
1996 Spiritus Spiritus Spiritus Spiritus
1999 Vjedhja e gjumit mbretëror Der Raub des königlichen Schlafs / /
1999 Tri këngë zie për Kosovën Drei Trauerlieder für Kosova Trois chants funèbres pour le Kosovo Three Elegies for Kosovo
2000 Lulet e ftohta të marsit / Froides fleurs d'avril Spring Flowers, Spring Frost
2004 Pasardhësi Der Nachfolger Le successeur The Successor
2008 Darka e gabuar Ein folgenschwerer Abend Le dîner de trop /
2010 Aksidenti Der Unfall L'accident The Accident

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. lexpress.fr: Ismail Kadaré: "La littérature et la vie sont deux mondes en lutte" (18. November 2009; gekuckt den 30. Dezember 2012)
  2. fischerverlage.de: Über Ismail Kadare (gekuckt den 30. Dezember 2012)
  3. dw.de: Im Porträt: Ismail Kadare (27. Juni 2005; gekuckt den 30. Dezember 2012)
  4. tagesanzeiger.ch: Leben und Schreiben unter den Augen des Diktators (19. Februar 2009; gekuckt den 30. Dezember 2012)