Jacob Zuma
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jacob Gedleyihlekisa Zuma, gebuer den 12. Abrëll 1942 a Zululand (haut Deel vu KwaZulu-Natal), ass e südafrikanesche Politiker, fréieren Anti-Apartheids-Aktivist, an zënter dem 9. Mee 2009 President vu Südafrika.
Den Zuma ass och zënter dem 18. Dezember 2007 President vum African National Congress (ANC), der gréisster Partei a Regierungspartei, a war Vizepresident vu Südafrika vun 1999 bis 2005. Hien ass op Liewenszäite Member vun der Kommunistescher Partei vu Südafrika.
Ier e Staatspresident gouf, war den Zuma viru Geriicht wéinst Vergewaltegung (2005), Korruptioun a Bedruch ugeklot ginn. Hie gouf awer fräi gesprach, resp. d'Kloe goufe fale gelooss.
| Commons: Jacob Zuma – Biller, Videoen oder Audiodateien |