Jacques Rivette

Vu Wikipedia
Jacques Rivette
Gebuertsnumm Jacques Pierre Louis Rivette
Gebuer 1. Mäerz 1928
Rouen
Gestuerwen 29. Januar 2016
6. Arrondissement
Doudesursaach Alzheimer
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Corneille
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmkritiker, Journalist, Schrëftsteller, Kameramann, Filmschauspiller, Schauspiller, Saachbuchauteur, Regisseur

De Jacques Rivette, gebuer den 1. Mäerz 1928 zu Rouen, a gestuerwen den 29. Januar 2016 zu Paräis[1], war e franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmkritiker. Hie gëtt, mam François Truffaut, Jean-Luc Godard, Claude Chabrol an Éric Rohmer, zu de wichtegste Vertrieder vun der Nouvelle Vague gezielt.

Hie war Kritiker bei de Cahiers du Cinéma an 1963 bis 1965 hire Chefredakteur. Nodeems en ufanks als Assistent vum Jacques Becker a vum Jean Renoir geschafft huet, huet en 1958 säin éischte Spillfilm gedréint, Paris nous appartient.

Typesch fir seng Filmer ass, datt d'Schauspiller just e puer Säiten Zesummefaassung vum Film kruten, an d'Dialogen eréischt just virum Dréi vun den Zeenen. Doduerch hu se missen improviséieren, wat eng besonnesch Atmosphär am Film geschaf huet. Säin zweete Film, Suzanne Simonin, la Religieuse de Diderot, an deem et ëm e Meedche geet, dat sech dergéint wiert, an e Klouschter gezwongen ze ginn, huet e klenge Skandal ausgeléist a gouf zensuréiert. Out 1: noli me tangere ass, mat 773 Minutten (bal 13 Stonnen) dee bis ewell längste Film an der Geschicht vum Kino.[2] Et gëtt och eng Kuerzversioun dovun, vu "just" 4 Stonnen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hélène Frappat: Jacques Rivette, secret compris (= Auteurs), Cahiers du Cinéma, Paris 2001, ISBN 2-86642-281-3.
  • Douglas Morrey, Alison Smith: Jacques Rivette (= French Film Directors), Manchester University Press, 2010, ISBN 978-0-7190-7484-4.
  • Emilie Bickerton: Eine kurze Geschichte der Cahiers du cinéma, diaphanes, Zürich 2010 (Originaltitel: A short history of Cahiers du cinema, Verso, London c2009, ISBN 978-1-84467-232-5, übersetzt von Markus Rautzenberg). ISBN 978-3-03734-126-1.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jacques Rivette – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Isabelle Regnier: "Le réalisateur Jacques Rivette est mort.'" lemonde.fr, 29. Januar 2016
  2. "Die langweiligsten Filme der Welt - Kino mit Gähn-Effekt." spiegel.de, einestages, 30. Mee 2011.