Jacques Meyers
De Jacques Meyers, gebuer 1862 zu Bungeref a gestuerwen den 8. Juli 1916 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.
Nom Kolléisch a Seminaire an der Stad goung hien op Léiwen a Berlin studéieren. Duerno huet hien am Iechternacher Kolléisch, dunn am Kolléisch, an duerno um Cours supérieurs enseignéiert.
De Jacques Meyers war 1900 Matgrënner a gouf Sekretär vun der Université populaire. Ausserdeem huet hien hir Zäitschrëft, d'Revue luxembourgeoise, mat erausginn, an doranner Artikele publizéiert.
Hien huet eng sëlleche Konferenzen doruechter gehalen, a war ë. a. Haaptriedner um "Katholikentag" 1905 zu Stroossbuerg. An den Diskussiounen am Virfeld vum Schoulgesetz vun 1912 war hien e vehemente Verfechter vun der Positioun vun der Droite.
Quell[änneren]
- Evy Friedrich: Kalennerblieder 2, Lëtzebuerg, Verlag J.P. Krippler-Muller, 1980, S.201.