Jansenius

Vu Wikipedia
Jansenius
Pseudonym Alexander Patricius, Alexander Patricius Armacanus, Armacanus Patricius
Gebuer 28. Oktober 1585
Acquoy
Gestuerwen 6. Mee 1638
Ieper
Doudesursaach Pescht
Nationalitéit Südlech Nidderlanden
Educatioun Al Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Theolog, Universitéitsprofesser, kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof


De Cornelius Otto Jansen, genannt Jansenius, gebuer den 28. Oktober 1585 zu Acquoy a Geldern (Spuenesch Nidderlanden), a gestuerwen un der Pescht de 6. Mee 1638 zu Ieper a Flandern, deemools och en Deel vun de Spueneschen Nidderlanden, war ee kathouleschen Theolog a Bëschof vun Ieper tëscht 1636 a 1638.

Hien huet an der Haaptsaach eng Léier hannerlooss, déi als Jansenismus bezeechent gëtt.