Jelena Karleuša

Vu Wikipedia
Jelena Karleuša
Gebuertsnumm Јелена Карлеуша
Gebuer 17. August 1978
Belgrad
Nationalitéit Serbien
Aktivitéit Sänger, Kolumnist, Moudendesigner, Museker, Discographesche Kënschtler

Jelena "JK" Karleuša (kyr. Јелена Карлеуша, gebuer de 17. August 1978 zu Belgrad, ass eng serbesch Popsängerin.

Hir Karriär[änneren | Quelltext änneren]

1995 huet si mat nëmme 16 Joer hiren éischten Album Ogledalce fir d'Plackefirma Diskos opgeholl. Et war direkt en Erfolleg mat méi wéi 100.000 verkaaften Exemplaren. Zanterhier hat si nach méi wéi een Nummer Eent Hit, déi meschten dovu geschriwwe vum Marina Tucaković. Vun hirem "Best of" Album Zovem se Jelena goufe méi wéi 250.000 Stéck verkaaft.

Enn 1999 huet si mat hirem fënneften Album Gili, gili hir Musekrichtung geännert, wat awer ganz gutt beim Publikum ukomm ass. Bis 2008 huet se zéng Albumen an dräizéng Videoclipen erausbruecht, déi sech all ganz gutt an den Charts vu Serbien, Montenegro an anere Nopeschlänner placéiere konnten.

Perséinleches[änneren | Quelltext änneren]

D'Jelena Karleuša ass d'Duechter vun der Fernseemoderatorin Divna Karleuša a vun engem héije Sécherheetsbeamten am serbeschen Inneministère.

2005 huet si den Ierwe vum Karić-Wirtschaftskonglomerat Bojan Karić bestuet, mä dat Bestietnes gouf schonn no nëmme véier Méint gescheet. Duerno huet se mam Foussballspiller Duško Tošić vum SV Werder Bremen gefrien, fir dee s'an Däitschland geplënnert ass an dee se och den 28. Juni 2008 bestuet huet. De 7. September 2008 koum hiert gemeinsaamt Meedchen Atina op d'Welt.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1994 Ogledalce - Diskos
  • 1996 Ženite se momci - PGP-RTS
  • 1997 Vestice, vile - ZaM
  • 1998 Jelena - ZaM
  • 1999 Zovem Se Jelena (Best Of) - Vujin Trade
  • 1999 Gili, gili - Grand Production
  • 2001 Ludaca - Best Records
  • 2002 Samo Za Tvoje Oci - BK Sound
  • 2005 Magija - City Records
  • 2008 JK Revolution - City Records
  • 2009 The Diamond Collection (Best of) - City Records
  • 2012 Diva - City Records

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2007 Casino - City Records
  • 2008 Tihi Ubica - City Records
  • 2008 Ko ti to Baje
  • 2010 Insomnia
  • 2011 Muskarac koji mrzi zene
  • 2011 Nova religija (Plava Šeherezada)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]