Johann Ph. Holwarda
De Johannes Phocylides Holwarda, gebuer am Joer 1618 zu Holwerd (Provinz Friesland) a gestuerwen den 22. Januar 1651; eigentlech Jan Fokkes van Holwerd. Hie war en hollänneschen Astronom.
Den Holwarda huet ënnert dem Adriaan Metius op der Universitéit Franeker studéiert an huet zënter 1639 Virliesungen zu der Logik gehalen. 1640 gouf hien Dokter vun der Medizin, 1647 Professer fir Philosophie. Doriwwer eraus huet hien theoretesch a praktesch Astronomie studéiert. 1638 war him d'Zréckentdeckung vum Stär Mira gelongen, dee no senger éischter Entdeckung duerch den David Fabricius an de Vergiess gerode war. Him war et och gelongen 1639, d'Period vun den Hellegkeetsschwankunge vum verännerleche Stär op ronn 11 Méint ze bestëmmen. 1640 huet hien an senger Dissertatio astronomica d'astronomesch Tafelen vum Johan Philip Lansberg ënnersicht an eng ganz Rëtsch Feeler fonnt.
Dem Holwardas zu Éieren gouf en Moundkrater Phocylides no him genannt.
Wierker [änneren]
- Dissertatio astronomica, 1640
- Philosophia naturalis, seu physica vetus-nova, 1651
- Elementale logicum, 1648
- Collegium logicum disputt. XII, 1646
- Sciagraphica logicae, 1643