Joseph Massarette

Vu Wikipedia
Joseph Massarette
Gebuer 1. Mäerz 1875
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 20. Oktober 1947
Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Historiker

De Joseph Massarette, gebuer den 1. Mäerz 1875 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen an der Stad den 20. Oktober 1947, war e lëtzebuergeschen Historiker a Journalist.

Tëscht 1891 an 1905 war de Massarette Redakter am Luxemburger Wort. Hien huet och historesch Bäiträg fir d'Obermosel-Zeitung geschriwwen[1].

Hien huet ë. a. eng Biographie iwwer de Péiter Ernest vu Mansfeld geschriwwen an hien huet deem säin Tagebuch, dat dee vu 1552 bis 1554 an der Krichsgefaangenschaft am Schlass vu Vincennes geschriwwen hat, erausbruecht.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon S.287
  2. "Joseph Massarette als Geschichtsschreiber. Zum 1. Jahrestage seines Todes." In: Luxemburger Wort, 1948. Jg., nº 311/312 (06.11.1948), p. 13. [Digitised by the National Library of Luxembourg]