Khyber Pass

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kaart mam Khyber Pass

De Khyber Pass ass eng Héichgebiergstrooss, déi Pakistan mat Afghanistan verbënnt. D'Strooss ass 53 kilometer laang a féiert duerch den Hindu Kush vu Peshawar a Pakistan, an déi afghanesch Haaptstad Kabul. De Khyber Pass läit op enger Héicht vun 1.072 m. Déi schmuelst Plaz ass nëmmen 3 m breet. Op der nërdlecher Säit bitt sech en aussergewéinlecht Bild, dat vun de Schnéibierger vum Hindu Kush. De Khyber Pass ass ee vun den aussergewéinlechste Päss vun der Welt. Et ass ee vun de wichtegste Passagen tëscht Indien a Pakistan. De Khyber Pass huet an der Geschicht e Nogeschmaach vu Blutt a Gewalt. Hien ass laang vun den Arméie vun den Eruewerer benotzt ginn. Wärend Joerhonnerten huet och eng staark benotzt Handelsstrooss iwwer de Col gefouert.

De Khyber Pass 1891

Dëse Pass ass besonnesch bekannt ginn duerch déi schwéier Schluecht, déi englesch Truppen 1919 am 3. Afghanesche Krich géint d'freiheetsgesënnt Awunner geliwwert hunn, wéi se sech aus Indien a Pakistan zeréckgezunn hunn.

Vum Khyber Pass huet de George Molesworth, e Member vun den deemolegen engleschen Expeditiounstruppe vun 1919, gesot: All Stee vum Khyber Pass ass mat Blutt gewäsch.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Khyber Pass – Biller, Videoen oder Audiodateien