Klouschter Swjatohirsk

Vu Wikipedia
d'Klouschter Swjatohirsk
d'Klouschter Swjatohirsk

D'Klouschter vun der Helleger Himmelfaart vu Swjatohirsk (Свято-Успенська Святогірська Лавра/Swjato-Uspenska Swjatohirska Lawra) ass e Klouschter vis-à-vis vun der Stad Swjatohirsk, am Stadkrees vu Slowjansk am Oblast Donezk, an der Ukrain.

Et steet um rietsen Uwänner vum Floss Siwerskyj Donez, um Fouss vum Hank vun engem Bierg aus Kräidfiels, dem Hellege Bierg (swjata hora – Swjatohirsk).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Klouschter soll entweeder vu byzantinesche Pateren, oder awer ëm 1240 vu Patere vu Kiew gegrënnt gi sinn. Déi éischt schrëftlech Quelle sinn aus der éischter Hallschecht vum 16. Joerhonnert (1526).

1787 wärend der Regierung vun der Katharina II. gouf d'Klouschter opgeléist. 1844 gouf et nees a Betrib geholl. Bis 1914 war et eent vun de wichtegste Kléischter vu Russland. 1922 gouf et nees opgeléist an an e Sanatorium ëmfunktionéiert.

1992 gouf et alt nees eng Kéier als Klouschter opgemaach. Den 29. Dezember 2003 war eng Feier fir den Ofschloss vun de Renovatiounsaarbechten an d'Restitutioun vun de Lännereien, déi zum Klouschter gehéiert haten.

Haut (Stand: 2015) liewen do eng 100 Persounen, an all Joer gëtt et der méi.

An der Sëtzung vum Hellege Synod vun der ukrainesch-orthodoxer Kierch, den 9. Mäerz 2005, presidéiert vum Metropolit Wladimir vu Kiew a vun der ganzer Ukrain, krut d'Klouschter de Status vun enger Lawra accordéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Klouschter Swjatohirsk – Biller, Videoen oder Audiodateien