Kurt Tucholsky

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Kurt Tucholsky, 1928

De Kurt Tucholsky, gebuer den 9. Januar 1890 zu Berlin a gestuerwen den 21. Dezember 1935 zu Hindås (Schweden), war een däitsche Journalist a Schrëftsteller.

Schonn 1911, während sengem Droit-Studium huet den Tucholsky mat senger journalistescher Aktivitéit mat kultur- an zäitkriteschen Texten ugefaangen. Bekannt gouf hien 1912 mat senger Erzielung: "Rheinsberg - ein Bilderbuch für Verliebte".

Als wichtegste Mataarbechter vum Siegfried Jacobsohn wandelt den Tucholsky dem seng Theaterzeitung "Weltbühne" an ee lénksintellektuellt Blat ëm, dëst doduerch datt hien eng Rei vu geeschträichen an ironeschen Texter ënner verschiddene Pseudonymen (Kaspar Hauser, Peter Panther, Theobald Tiger an Ignaz Wrobel) verëffentlecht.

Seng Zaldotenzäit hat hien zu engem resolute Krichsgéigner an humanistisch geprägte Radikalliberale gemaach.

Aus Enttäuschung doriwwer datt seng Texter nëmme wéineg bewierke konnten an aus finanziellen Ursaachen ass hien 1924 als Korrespondent op Paräis gaangen. Trotzdeem huet hie weider (fir ronn 100 Zeitungen) geschriwwen a géint déi reaktionär Justiz, d'Statusdenken, dat verklemmte Klengbiergertum an de Chauvinismus gekämpft.

1929 ass hien a Schweden ausgewandert wou hien 1931 säin eenzege Roman "Schloß Gripsholm" erausginn huet.

1933 gouf den Tucholsky vun den Nationalsozialisten ausgebiergert. Seng schlecht Gesondheet an déi hoffnungslos politesch Entwécklung an Däitschland hunn hien 2 Joer méi spéit an de fräiwëllegen Doud gedriwwen.

Weider Wierker vum Tucholsky waren ënner aneren:

  • "Fromme Gesänge" (1919)
  • "Träumereien an preußischen Kaminen" (1920)
  • "Lerne lachen ohne zu weinen" (1931)

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Kurt Tucholsky: Gesamtausgabe. Texte und Briefe. Erausg. vun Antje Bonitz, Dirk Grathoff, Michael Hepp, Gerhard Kraiker. 22 Bände. Rowohlt, Reinbek 1996ff. (bis elo Bänn 1–14, 17-21, Marginalien)
  • Kurt Tucholsky: Gesammelte Werke in 10 Bänden. Erausg.. von Mary Gerold-Tucholsky und Fritz J. Raddatz. Rowohlt, Reinbek 1975.
  • Kurt Tucholsky: Deutsches Tempo. Gesammelte Werke. Ergänzungsband 1. Erausg. von Mary Gerold-Tucholsky und J. Raddatz. Rowohlt, Reinbek 1985.
  • Kurt Tucholsky: Republik wider Willen. Gesammelte Werke. Ergänzungsband 2. Erausg. von Fritz J. Raddatz. Rowohlt,
  • Kurt Tucholsky: Sudelbuch. Rowohlt, Reinbek 1993.
  • Kurt Tucholsky: Die Q-Tagebücher. 1934–1935. Hrsg. von Mary Gerold-Tucholsky und Gustav Huonker. Rowohlt, Reinbek 1978, 1985.
  • Kurt Tucholsky: Ausgewählte Briefe 1913–1935. Erausg. von Mary Gerold-Tucholsky und Fritz J. Raddatz. Rowohlt, Reinbek 1962.
  • Kurt Tucholsky: Unser ungelebtes Leben. Briefe an Mary. Erausg. von Fritz J. Raddatz. Rowohlt, Reinbek 1982, 1990.
  • Kurt Tucholsky: Briefe aus dem Schweigen. 1932–1935. Briefe an Nuuna. Hrsg. von Mary Gerold-Tucholsky und Gustav Huonker. Rowohlt, Reinbek 1977, 1990.
  • Kurt Tucholsky: Briefe an eine Katholikin. 1929–1931. Rowohlt, Reinbek 1969, 1970.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kurt Tucholsky – Biller, Videoen oder Audiodateien