Léon Ghislain de Winter

Vu Wikipedia
Léon Ghislain de Winter
Gebuer 6. Abrëll 1921
Ottignies
Gestuerwen 21. Mäerz 1945
Maulesmillen
Aktivitéit Offizéier, Geheimagent, Resistenzler

De Léon Ghislain de Winter gebuer de 6. Abrëll 1921 zu Ottignies a gestuerwen op der Maulesmillen den 21. Mäerz 1945 war e belschen Offizéier, Resistenzler an SOE-Agent wärend dem Zweete Weltkrich.

Den de Winter war ee vun de 6 Besatzungsmembere vun der Lockheed Hudson FK803 "MA-N", vum 161. RAF-Geschawder déi beim Fligeraccident op der Maulesmillen währent der SOE-Operatioun Benedict ëm Liewe koumen.

Als Resistenzler war hien ënner den Decknimm De Coninck, Leader a Polka bekannt.

Hie gouf zesumme mat deene fënnef aneren op der Plaz vum Accident am Bësch begruewen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]