Lëscht vun de Kinneke vu Preisen

Vu Wikipedia

Dës Lëscht vun de Kinneke vu Preisen ass en Deel vun de Referenztabellen.

1618 war d'Herzogtum Preisen mat der Maarkgrofschaft Brandenburg an hiren Niewelänner an enger Personalunioun vereenegt ginn.
1701 gouf d'Herzogtum zum Kinnekräich Preisen erhuewen, en Numm deen am allgemenge Sproochgebrauch séier op all Territoire vun den Hohenzollern iwwergaangen ass. D'Kinneke koumen alleguer aus dësem Fürstenhaus.

Kinnek Regéierzäit Bemierkungen
Kurfürst Friedrich III. 16881713 gebuer 1657, zanter 1701 als Friedrich I. Kinnek a Preisen
Friedrich Wilhelm I. 17131740 genannt den Zaldotekinnek, gebuer 1688
Friedrich II. 17401786 genannt de Groussen, gebuer 1712, zanter 1772 Kinnek vu Preisen
Friedrich Wilhelm II. 17861797 gebuer 1744
Friedrich Wilhelm III. 17971840 gebuer 1770
Friedrich Wilhelm IV. 18401861 gebuer 1795
Fichier:Kaiser Wilhelm I..JPG Wilhelm I. 18611888 gebuer 1797, fir d'éischt zanter 1858 als Regent; zanter 1867 President vun Norddäitsche Bund an zanter 1871 Däitsche Keeser
Friedrich III. 1888 gebuer 1831
Wilhelm II. 18881918 gebuer 1859, gestuerwen 1941 am hollänneschen Exil

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]