La Ferté-sur-Chiers

Vu Wikipedia
La Ferté-sur-Chiers
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Ardennes
Arrondissement Sedan
Kanton Carignan
Postcode 08370
Gemengecode 08168
Koordinaten 49° 34’ 32’’ N
      05° 14’ 34’’ O
Fläch  641 ha
Bevëlkerung  224 (1999)

La Ferté-sur-Chiers ass eng franséisch Gemeng an den Ardennen an der Regioun Grand Est am Dall vun der Kuer. Bei der Uertschaft gëtt et e Fort vun der Maginot-Linn. Well et tëscht den Uertschafte Villy a La Ferté louch krut et den Numm Fort de Villy-La Ferté. Wéinst der Noperschaft vum Fort a well et am Duerf en ettlech befestegt Haiser gouf, déi als Observatiounsposte gedéngt hunn, krut d'Duerf es bei der Eruewerung vum Fort den 18. an 19. Mee 1940 och e bësselche laanscht d'Rëpper.

Zu Ferté gouf et fréier zwou Duchfabricken, där enger hir Gabaier stinn haut eidel an an deene vun der Fabrick Chaillot ass en Institut fir behënnert Leit.

La Ferté ass un d'Eisebunnsnetz ugeschloss iwwer d'Eisebunnsstreck Lille-Diddenuewen

Kuckt och[Quelltext änneren]