Lann vum Coftice

Vu Wikipedia
Lann vum Coftice
D'Lann um Coftice am Januar 2020
Kategorie Bemierkenswäerte Bam
Land Belsch
Gemeng Herve
Plaz José
Adress Lieu-dit Coftice
Koordinaten 50°38'10,8"N, 5°46'1,4"O
Bamaart Wanterlann
Status Votivbam

D'Lann vum Coftice ass e geneelte Bam um Lieu-dit Coftice zu José an der Belscher Gemeng Herve.

Déi éischt geneelt Lann um Coftice war zanter 1566 bekannt. Se war sou voller Neel geklappt datt ugeholl gëtt datt dat d'Ursaach war firwat de Blëtz 1941 drageschloen hat. 1948 gouf dunn eng nei Lann geplanzt op där d'Traditioun vum Neele weidergefouert gouf.

Fréier gouf et zu Herve nach eng geneelt Lann bei de Sechs Buren am Nordoste vun der Stad.

Plaz[änneren | Quelltext änneren]

D'Lann steet ongeféier dräi Kilometer vum Zentrum vun Herve op engem klenge Wee dee vun der Lécker Strooss lénks ofbéit. Nieft der Lann steet e klengt Weekräiz.