Lawrence Rooke

Vu Wikipedia
Lawrence Rooke
Gebuer 13. Mäerz 1622 jul.
Gestuerwen 27. Juni 1662 jul.
London
Nationalitéit Kinnekräich England
Educatioun Eton College
Aktivitéit Astronom, Mathematiker
Member vun Royal Society

De Lawrence Rooke (oder Laurence), gebuer den 13. Mäerz 1622 zu Deptford a gestuerwen de 26. Juni 1662 zu London, war en engleschen Astronom a Mathematiker. Hie gëtt zu de Matgrënner vun der Royal Society gezielt.

De Rooke war vun der Mamm hirer Säit e Grousskoséng vum Lancelot Andrewes.[1] Spéider hat de Rooke vum Papp senger Säit e Grondstéck zu Kent geierft.

Akadeemesch Lafbunn[änneren | Quelltext änneren]

De Rookes huet säi Studium am Eton College ugefaangen an ass duerno am King's College weidergefuer, wou hien 1647 mam engem M. A. ofgeschloss huet.[2] No enger Krankheet hat hie säi Studium eng Zäit missen ënnerbriechen. Hie gouf am Joer 1650 fellow commoner um Wadham College zu Oxford[3]. Do huet hien enk mam John Wilkins zesummegeschafft, dee spéider ee vun de Sekretäre vun der Royal Society war, a mam Seth Ward, deen deemools scho Member vun der Oxford Philosophical Society (eng Virleeferorganisatioun vun der Royal Society) war, an dee spéider zu hire Grënnungsmembere gehéiere sollt.

Wärend senger Zäit zu Oxford huet de Rooke en ettlechmol dem Boyle bei sengen Experimenter assistéiert. Mam Goddard vun Deptford huet hien Experimenter iwwer den Afloss vun der Hëtzstralung op en einfachen Thermometer gemaach.

1652 gouf de Rooke als Professer vun der Astronomie op de Gresham College zu London beruff an 1657 als Professer vun der Geometrie.[3],[4]

Wëssenschaftleche Bäitrag[änneren | Quelltext änneren]

Dem Rooke säi wëssenschaftlechen Interessi war enk mat enger grousser Fro verbonnen, mat där sech och déi spéider Royal Society beschäftegt huet: D'Fro no enger zouverlässeger Method, fir d'geographesch Längt vun enger Positioun (speziell op Séi) ze bestëmmen (kuckt dozou: Längteproblem). Hien huet dobäi den Usaz verfollegt, zäitlech gutt viraussobar astronomesch Konstellatiounen ze bestëmmen, déi eng genee Bestëmmung vun der Zäit, an domat och déi vun der geographescher Längt erméigleche géifen.

De Rooke hat virgeschloen, verschidde Sonnen- a Mounddäischterten oder d'Distanz vum Mound als Evenementer fir d'Bestëmmung vun der geneeër Zäit an domat der Längt op Séi erun ze zéien.

Zu senge Liefzäite goufe seng Wierker net publizéiert. Seng Schrëften iwwer de Längteproblem goufe spéider posthum virgestallt. Hien hat dernieft och eng Hëllefsleeschtung fir Séileit verfaasst, an där beschriwwe gëtt wéi ee meteorologesch Miessungen an ozeanesch Observatiounen soll maachen an dokumentéieren, déi a Band 1 vun der Philosopheschen Transaktiounen (Philosophical Transactions) als Directions for Sea-men, bound for far Voyages virkoumen.

De Rooke an d'Royal Society[änneren | Quelltext änneren]

Usiicht vum Gresham Colleges viru 1666 op senger ursprénglecher Plaz (haut: 25 Old Broad Street, London)

Ëm d'Mëtt vum 17. Joerhonnert hunn um Gresham College op d'mannst zwou Gruppe vu "Virtuosi" existéiert, déi direkt oder indirekt zu der Grënnung vun der Royal Society bäigedroen hunn. Déi éischt war déi sougenannt 1645 Grupp, déi sech haaptsächlech mat der experimenteller Wëssenschaft beschäftegt huet. Déi zweet Grupp war de sougenannte Comitee vun den 12, déi vu 1660 bis 1662 d'Grënnung vun der Royal Society konzipéiert an duerchgesat hunn a schliisslech mat den dräi kinnikleche "Chartern" (1662, 1663 and 1669) beduecht goufen.[5]

D'Reunioune vum Comitee vun den 12 war dacks an der Wunneng vum Rooke am Gersham College. Speziell eeng a schrëftlechen Notizen dokumentéiert Versammlung no enger Virliesung vum Christopher Wren am Gersham College den 28. November 1660 spillt an de Grënnungserzielunge vun der Royal Society eng wiesentlech Roll, well do fir d'éischt Kéier de Virschlag fir en "neie College" gemaach gouf, aus deem sech spéider d'Royal Socienty entwéckelt huet.[6]

Well de Rooke scho 1662, ee Mount ier d'Royal Society den éischte kinneklechen Charter krut, gestuerwe war, gëtt hien net zu den "Original Fellows" (FRS) vun der Royal Society gezielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. C. A. Ronan, Laurence Rooke (1622–1662), Notes and Records of the Royal Society of London, Vol. 15, (Jul., 1960), pp. 113–118.
  2. Laurence Rooke; A Cambridge Alumni Database. University of Cambridge
  3. 3,0 3,1 Concise Dictionary of National Biography
  4. Christopher Hill, God's Englishman (1972 edition), pp. 250–1.
  5. https://web.archive.org/web/20120612121813/http://www.gresham.ac.uk/greshamftp/historygreshm_bk2.pdf, p. 38 of PDF
  6. http://books.google.co.uk/books?id=bMeG9a9eqtAC&pg=PA36