Letzeburger Patriote Front

Vu Wikipedia

Letzeburger Patriote Front, kuerz LPF, war eng lëtzebuergesch Organisatioun déi am Zweete Weltkrich gegrënnt gouf. Dës sollt déi lëtzebuergesch Resistenzlergruppen zesummenzebrénge fir d'Aktivitéite vun den eenzele Gruppen ze koordinéieren.

Grënner vun der LPF war den Albert Meyers, deen net Member vun der Unio'n vun de Fräiheetsorganisatiounen (Unio'n) gi wollt. D'LPF huet sech aus Splittergruppe vun de Resistenzlergruppen Lëtzeburger Patriote Liga (LPL), Lëtzeburger Ro'de Lé'w (LRL) a Letzeburger Vollekslegio'n (LVL) zesummegesat.

Den Albert Meyers hat de Victor Bodson, Justizminister vun der Exilregierung zu London, iwwer seng Pläng informéiert, huet awer net Bescheed gesot, dat virdrun schonn d'Unio'n an d'Liewe geruff gi war. Well d'Regierung zu deem Zäitpunkt net wousst dat et Unio'n scho géif ginn, huet de Minister Bodson déi lëtzebuergesch Resistenzlergruppe gefrot fir sech der LPF unzeglidderen. D'LPF hat awer net vill Erfolleg an huet den Terrain der Unio'n missen iwwerloossen.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Serge Hoffmann: La résistance au Luxembourg pendant la seconde guerre mondiale. Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, Série ÉTUDES, N° 1, 2004, ISBN 2-495-15118-3, S. 89 - 90

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]