Liu Xiaobo

Vu Wikipedia
Liu Xiaobo
Gebuer 28. Dezember 1955
Changchun
Gestuerwen 13. Juli 2017
Nationalitéit China
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller, Mënscherechtler, Literaturkritiker

De Liu Xiaobo, op Chineesesch 劉曉波 / 刘晓波 Liú Xiǎobō, gebuer den 28. Dezember 1955 zu Changchun, a gestuerwen den 13. Juli 2017 zu Shenyang, war e chineesesche Schrëftsteller an Dissident. De Liu war Dozent op der Pedagogescher Universitéit Peking an zanter 2003 President vum chineesesche Pen-Club vun onofhängege Schrëftsteller. De Liu Xiaobo souz bis zy sengem Doud an engem Prisong 500 Kilometer vu Peking ewech an der Provënz Liaoning. Viru senger Inhaftéierung huet en zu Peking gelieft. Den 10. Dezember 2010 krut hien de Friddensnobelpräis.[1]

Den 10. Dezember 2008, den Dag vun de Mënscherechter, huet hie mat 302 aner Intellektuellen dat am Internet verëffentlecht Biergerrechtsmanifest Charta 08 ënnerstëtzt a gouf wéinst „Ënnergruewe vun der Staatsgewalt“ verhaft.[2] Am Juni 2009 gouf offiziell géint hie geklot. De 24. Dezember 2009 gouf hien zu eelef Joer Prisong verurteelt.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Liu Xiaobo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://nobelprize.org/mediaplayer/index.php?id=1373
  2. Andreas Lorenz: Bürgerrechtler in Arrest. Repression in China steuert auf neuen Höhepunkt zu. Spiegel Online 11. Dezember 2008
  3. Amnesty International: Rapport fir China 2010