Loip
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Loip ass eng preparéiert Streck fir de Schilanglaf.
Loipen zu Lëtzebuerg [änneren]
- Housen: 2 Pisten fir Schilanglaf; et gëtt d'Méiglechkeet fir d'Material ze lounen.
- Pärel: Eng schwaarz Piste vun 18 km, eng rout Piste vu 9 km. eng blo Piste vu 5 km, eng gréng Piste vu 2 km. Et gëtt do eng Méiglechkeet fir d'Material ze lounen.
- Wäisswampech: 7 bis 15 km Pisten jee no de Schnéiverhältnësser; Renseignementer.
- Déifferdeng: Zu Déifferdeng ass am Dezember 2007 eng Konscht-Schnéi-Loipe opgang. D'Locatioun vum Material ass méiglech.