Lux aeterna

Vu Wikipedia

Lux aeterna (och Communio) ass en Deel, deen un den Agnus Dei an der liturgescher Doudemass uschléisst. Heiduerch soll fir de Verstuerwenen d'Éiwescht Liicht gefrot ginn (Latäin: lux Liicht aeternus éiweg).

"Lux aeterna" an der Musek[änneren | Quelltext änneren]

Lux Eterna fir 16 Solostëmmen[änneren | Quelltext änneren]

1966 huet den éisträichesche Komponist György Ligeti säi Lux aeterna publizéiert; e Stéck, dat 1968 vum Stanley Kubrick a sengem Film 2001: A Space Odyssey agebaut gouf an enger Fassong, an där de Clytus Gottwald d'Schola Cantorum Stuttgart dirigéiert.

Lux aeterna vum Clint Mansell[änneren | Quelltext änneren]

Lux aeterna nennt sech och e Song, deen de brittesche Filmkomponist Clint Mansell zesumme mam Kronos-Quartett fir de Film Requiem for a Dream vum Darren Aronofsky arrangéiert huet. Virun allem d'melancholescht Haaptthema vum Lidd huet en héije Bekanntheetsgrad a gouf dofir a ville weidere Produktiounen agesat, sou zum Beispill beim Trailer vum The Lord of the Rings: The Two Towers oder Sunshine (Film). D'Kronos-Quartett huet déi klassesch Versioun vum Lidd an hirem Büneprogramm.