Mëttelaltermaart

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Maartstänn
Rüstungen a Waffen zum Verkaf
Handwierksdemonstratiounen
Camp
Schaukampf
Gaukler
Musek aus der Mëttelalterzeen

E Mëttelaltermaart ass e Maart mat Volleksfestcharakter an enger vum Mëttelalter inspiréierter Ambiance.

Op deene wéineste Mëttelaltermäert geet et ëm e wierklech authentescht Nostelle vun engem Maart aus deer vergaangener Epoch. Zwar sinn d'Maartleit an aner Matwierkend, wéi och en Deel vun de Visiteuren, a Kostümer gekleed déi mëttelalterlech wierken, mee déi meeschte vermësche fantasievoll op d'mannst verschidden Elementer aus verschiddenen Epochen oder verschiddene Vëlker (et siefe just Gummissuelen oder Wikingerdrénkhaare genannt) a just e puer beméie sech der ëm an allen Hisiichte prezis rekonstruéiert Gezei.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Verbreedung

An Europa opkomm sinn d'Mëttelaltermäert Enn der 1980er Joren, mee eréischt an den 2000er Joren hu se eng allgemeng Popularitéit erreescht. Wann der am Joer 2004 an Däitschland eng 300 waren, sou ass déi Zuel bis 2010 op iwwer 1.000 geklommen[1].

[änneren] Wueren an Ënnerhalung

Zum Verkaf ugebuede gi gemenkerhand Konschthandwierkswueren, Esoterikprodukter, traditionell produzéiert Iesswueren, Liederwueren, Keramik, a méi oder manner trei Replike vu mëttelalterleche Waffen a Kostümer.

Op verschiddenen Evenementer kann een Handwierker nokucke wéi se hir Wuere produzéiren. Fir Animatioun ginn dacks Museksgruppen aus der Mëttelalterzeen engagéiert, heiansdo och Gaukler oder Schaukämfer.

Et gëtt normalerweis och Stänn mat Iessen (meeschtens traditionelle Kascht) a Gedrénks (z.B. Met).

[änneren] Mëttelaltermäert zu Lëtzebuerg

Déi bekannteste si wuel:

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen