Münster

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Münster
Wopen
Münster (Däitschland)
Münster
Land: Flag of Germany.svg Däitschland
Bundesland: Coat of arms of North Rhine-Westfalia.svg Nordrhein-Westfalen
Regierungsbezierk: Münster
Fläch: 302,96 km²
Awunner: 299.708 (31. Dez. 2013)
Bevëlkerungsdicht: 989 Aw./km²
Héicht: 60 m
Koordinaten: 51° 58′ N, 7° 38′ O51.9629444444447.62869444444447Koordinaten: 51° 57′ 47″ N, 7° 37′ 43″ O
Zentrum vu Münster (2008)

Münster ass mat ronn 45.000 Studenten (2009/2010) eng vun deene gréissten däitschen Universitéitsstied. Si ass och nach bekannt als Vëlosstad, mat offiziell ronn 500.000 Vëloen op eng 290.000 Awunner (2011), an enger Vëlosquot vun ongeféier 40% vun allen Trajeten an der Stad.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wuel zanter dem 6. Joerhonnert louch am Beräich vun der haiteger Doumplaz déi kleng sächsesch Siidlung Mimigernaford. 793 huet de frisesche Missionär Liudger op der Fuert iwwer d'Münsteresch Aa e Klouschter gegrënnt, wat der sech entwéckelnder Stad hiren Numm ginn huet (vu lat. monasterium).

Kierf vun den Deefer

D'Awunnerzuel ass gutt geklommen an 1170 krut Münster d'Stadrecht. Vum 14. bis d'16. Joerhonnert hat Münster als Member an duerno als Viruert vun der Hanse eng grouss Bedeitung. 1534 huet déi dramatesch Episod vum Deeferräich vu Münster ugefaangen, déi bis zur Proklamatioun vum Kinnekräich Zion am September 1534 gefouert huet, an de 24. Juni 1535 op en Enn goung, wéi Truppe vum Bëschof Franz von Waldeck déi belagert Stad ageholl hunn, an déi gefoltert an higeriichten Deefer an dräi eisene Kierf op der Lambertikierch als Ofschreckung opgehaange goufen (d'Originalkierf hänken iwwregens nach ëmmer do). 1648 gouf zu Münster an Osnabrück de Westfälesche Fridde beschloss, mat deem den Drëssegjärege Krich an den Achtzegjärege Krich zu Enn koumen.

Münster huet sech och méi spéit ni duerch Industrie oder Wirtschaftsbetriber ervirgedongen, mä et sinn éischter d'Bildungs- a Verwaltungsariichtunge vun der Stad, absënns d'Universitéit, de Landschaftsverband Westfalen-Lippe an d'Bezierksregierung, déi der Stad hire Stempel opgedréckt hunn an hir de Spëtznumm "Schreifdësch vu Westfalen" abruecht hunn. Als Handelsstad ka Münster awer och nach ëmmer punkten, an an de Randberäicher an am Ëmland spillt d'Landwirtschaft eng wichteg Roll.

Zanter 1915 huet Münster offiziell de Status vun enger Groussstad.

Maquette vum Stadzentrum, mat der Doumplaz an dem Prinzipalmaart
Den Aaséi
Prinzipalmaart

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Bekannte Münsteraner[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Münster (Westfalen) – Biller, Videoen oder Audiodateien