Mýkonos

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag Greece template.gif Dëse Geographiesartikel zu Griicheland ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eng rouheg Plaz beim Hafen
Vue op Mýkonos
D'Mascotte vu der Insel, de Petros
Déi bekannt Wandmillen vu Mýkonos (Griicheland)


Mýkonos (griechisch Μύκονος) ass eng griichesch Insel vun de Kykladen, südëstlech vu Tinos.

Si ass bis zu 20 x 14 km grouss an bedeckt eng Fläch vu 86 km². D'Insel besteet aus enger waasserarmer Granitfläch an zielt 5.200 Awunner (2002). Den héchste Punkt läit op 364 m. D'Haaptagglomeratioun ass Mýkonos, eng Uertschaft, déi op der Westküst läit. Ëm Mýkonos leie schéi Plajen, déi vu regelméissege Busverbindungen profitéieren.
Mýkonos ass eng vun de meescht besichte griicheschen Inselen, déi vu gutt ausgebauten touristeschen Infrastrukturen profitéiert. Dagsiwwer komme vill Visiteuren op Mýkonos. Et gëtt vill Buteker, (Souvenirsgeschäfter, Bijouterien a Kleederbuteker) an een Akafsbummel lount sech. Fir gutt Iessen an Drenken an de ville klengen Tavernen ass beschtens gesuergt. Och d'Nuetsliewe bléit.

Verkéiersverbindungen [änneren]

Mýkonos huet en eegene klenge Fluchhafen an et besti Fährverbindunge mat dem Piräus, Delos an anere griicheschen Inselen vum Grupp vun de Kykladen.

Plaz op Mýkonos

Kuckeswäertes [änneren]

D'Wandmille vu Mýkonos si souzesoe weltbekannt a figuréieren op allen touristesche Prospekter. Déi schmuel Gässelen, besonnesch rondrëm de klengen Hafe mat senge ville Jachten, verdéngen, datt een derduerch trëppelt.
Op der Insel gëtt et och e Pelikan, de Petros, dee vun den Awunner an den Touristen gefiddert a vu jidderengem geknippst gëtt. De Petros ass haut och net méi aleng, mä huet Nokommen kritt. D'Pelikanen déi ongenéiert bis an d'Geschäfter trëppelen, sinn neierdéngs d'Maskott vun der Insel ginn.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Mykonos – Biller, Videoen oder Audiodateien