Mahinda Rajapaksa
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Mahinda Rajapaksa (och Rajapakse), gebuer den 18. November 1945 zu Weeraketiya a Sri Lanka, ass e sri-lankesesche Politiker.
Hie war vum 6. Abrëll 2004 bis den 19. November 2005 Premierminister. De 17. November 2005 huet hie mat 50,33 % géint de Ranil Wickremesinghe, säi Virgänger als Premier, d'Presidentschaftswale vu sengem Land gewonnen. Zwee Deeg drop gouf hien a säin neit Amt agefouert.
Hien huet d'Presidentschaftswale vum Januar 2010 géint den Ex-Generol Sarath Fonseka gewonnen, a kann esou weider 5 Joer President sinn.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Mahinda Rajapaksa – Biller, Videoen oder Audiodateien |
