Maitreya

Vu Wikipedia

De Maitreya, op Sanskrit मैत्रेय Maitreya, op Pali Metteya, op Chineesesch 彌勒菩薩 Mílè Púsa, op Japanesch 弥勒菩薩 Miroku Bosatsu, op Thai ศรีอรายะ เมตไตรย์ Sriaraya Mettrai, op Tibetesch Byams Pa, op Koreanesch 미륵보살 Mireuk Bosal, op Vietnameesesch Di-lặc Bồ Tát, gëllt am Buddhismus als de Buddha vun der Zukunft, dee kënnt, wann den Dharma, d'Léier vum Buddha Shakyamuni (Siddhartha Gautama), verschwonnen ass. Verschidde Quelle ginn un, datt et bis dohin nach 3.000, 5.000 respektiv 30.000 Joer sinn, wat awer dem Suttapitaka vum Palikanon widdersprécht, deen dofir 80.000 Joer ugëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maitreya – Biller, Videoen oder Audiodateien