Mamer (Baach)
D'Mamer am Gemengepark zu Miersch | |
An anere Sproochen |
fr: Mamer de: Mamer |
---|---|
Längt | 25,6 km |
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Originn | |
Originn | Zesummefloss vun zwou Baachen |
Plaz | tëscht Héiweng a Garnech |
Héicht | 320 m |
Koordinaten |
49° 36’ 39.2’’ N 5° 56’ 45.1’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Uelzecht |
Plaz | Miersch |
Héicht | 214 m |
Koordinaten |
49° 44’ 54.5’’ N 06° 06’ 28.2’’ O |
Haaptnieweflëss | Faulbaach, Kielbaach, Riedelbaach |
Geographie | |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaften |
Garnech, Mamer, Koplescht, Schëndels, Miersch |
D'Mamer ass eng Baach zu Lëtzebuerg. Si entsteet aus dem Zesummelaf vun zwou klenge Baachen tëscht Héiweng a Garnech am Dall tëscht de Fléier Féil an Ueschtrëf, a leeft vun do aus Richtung Osten duerch oder laanscht Garnech, Holzemermillen, op Mamer. Do dréint se no Norden a leeft dann duerch Koplescht, den Direndall, Schëndels, ier se zu Miersch an d'Uelzecht fléisst.
D'Mamer zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt vun iwwer 70 km² hunn[1].
2012 gouf d'Mamerdall zu engem Naturschutzgebitt deklaréiert.
Renaturéierung
[änneren | Quelltext änneren]2017 gouf d'Mamer bei Holzem op enger Streck vun 125 m vum Gemengesyndikat Sicona renaturéiert: d'Uwänner goufe méi flaach amenagéiert soudatt d'Baach erëm fräi meandere kann a fir d'Vitess vum Waasser erofzesetzen, goufe Bamstämm an d'Baachbett geluecht. Am Fiichtgebitt niewendru gouf e Weier ugeluecht. Zil vun dësem Agrëff ass et, tëschent der Kap an Dippech eng Rëtsch Dëmpelen ze schafen, déi et dem Kammmolch erméigleche sollen sech do auszebreeden.[2]
Niewebaachen (dem Waasserlaf no)
[änneren | Quelltext änneren]- Wëlleschbaach op der Holzemermillen
- Bräderbaach bei Holzem
- Faulbaach zu Mamer
- Kielbaach bei der Thillsmillen tëscht Mamer a Koplescht
- Riedelbaach bei der Neimaxmillen (déi ofgerappt gouf) tëscht Mamer a Koplescht
- Lédeleschbur tëscht Koplescht an dem Direndall
Millen op der Mamer
[änneren | Quelltext änneren]- Wollefsmillen, zu Garnech
- Holzemermillen, zu Holzem
- Gaaschtmillen
- Neimillen
- Thillsmillen fréier Wilzermillen, Ferrantsmillen
- Neimaxmillen och als Hemessemillen, Wollefsmillen a Riedelbaachmille bekannt.
- Schankemillen
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Mamer zu Holzem,
-
... op der Héicht vun der fréierer Schankemillen, tëscht Mamer a Koplescht,
-
... zu Koplescht,
-
... zu Schëndels
-
... an zu Miersch, wou d'Mamer an d'Uelzecht fléisst.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Mamer (Baach) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ www.geoportail.lu, déi offiziell Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie
- ↑ fwa, 2017. Neues Leben für die Mamer. Auch kleine Maßnahmen bringen Naturschutz voran. Luxemburger Wort vum 1. August 2017, S. 18.