Mandy Graff

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Mandy Graff, gebuer de 27. Februar 1989, ass e lëtzebuergesche Mannequin.

D'Mandy Graff huet zu Lëtzebuerg fir verschidde Reklamme poséiert an u Fotoshootinge vum Fotograf Yves Kortum deelgeholl. Si huet ausserdeem bei Relooking matgemaach, enger Televisiounsserie vun RTL Télé Lëtzebuerg.

Bekannt ginn ass d'Mandy Graff duerch déi däitsch Televisiounssendung Germany’s Next Topmodel mat der Heidi Klum. Do huet si et an d'Top 15 gepackt, an dat vun ugaangs iwwer 16.000 Kandidatinnen. An der leschter Emissioun virun der Finale huet si d'Sendung als fënneftlescht misse verloossen.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht