Marcq (Ardennes)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Vouziers | ||||
| Kanton | Grandprè | ||||
| Code Insee | 08274 | ||||
| Postcode | 08250 | ||||
| Koordinaten | 49° 19' 14" N 04° 55' 40" O |
||||
| Fläch Uertschaft | 1.061 ha | ||||
| Bevëlkerung Uertschaft | 110 (2006) | ||||
Marcq ass eng franséisch Gemeng an den Ardennen an der Regioun Champagne-Ardenne am Dall vun der Aire.
Fréier war Marcq iwwer d'Gare Marcq-Saint-Juvin déi um hallwe Wee tëscht Marcq a Saint-Juvin stoung un d'Eisebunnsnetz ugeschloss. Zwou Strecken hunn d'Gare zerwéiert, an zwar d'Streck Marcq-Saint-Juvin - Baroncourt, déi sougenannt Geeschterstreck, an d'Streck Challerange-Aubréville. De 24. August 1995 gouf d'nodeems scho jorelaang keen Zuch méi do gefuer ass, d'Bréck vun der Départementale 42, déi nieft der Gare iwwer d'Gleiser gefouert huet, gesprengt.
Kuckeswäertes [änneren]
- D'Kierch vun 1924
- D'Schlass "Mercier"
- D'Schlass "Dérué"
Persounen [änneren]
- De Generol Savary ass zu Marcq op d'Welt komm.
- De Colonel Derué bekannte Fechter ass am Schlass vu sengen Elteren zu Marcq op d'Welt komm.