Marianne Brosius-Kolber

Vu Wikipedia
Marianne Brosius-Kolber
Gebuer 19. Abrëll 1964
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Infirmier, Politiker
Partei CSV

D'Marianne Brosius-Kolber, gebuer den 19. Abrëll 1964, ass eng lëtzebuergesch CSV-Politikerin.

No hirer Ausbildung als Infirmière an der Clinique Ste Elisabeth huet d'Marianne Brosius-Kolber wärend 25 Joer an deem Beruff geschafft. Duerno gouf si Responsabel vum Accueil gérontologique am CIPA um Houwald.

2004 gouf Marianne Brosius-Kolber an de Gemengerot gewielt, a war vun November 2005 bis November 2017 Buergermeeschtesch vun der Gemeng Fëschbech bei Miersch.

D'Marianne Brosius-Kolber wunnt zu Schous, ass bestuet a Mamm vun 2 Kanner.