Mariinski teatr

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Qsicon Ueberarbeiten.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Mariinski-Theater

De Mariinski-Theater ass ee vun de bekanntesten Operen- a Balletthaiser vun der Welt. D'Gebai steet zu Sankt Péitersbuerg op der Theaterplaz; vill wichteg russesch Opern a Balletten hunn do hier Première gefeiert. De sougenannte Kirow-Ballett, deen an der ganzer Welt bekannt gouf, ass do doheem. Dëse Balett huet den offiziellen Numm Ballett-Kompagnie vum Mariinski-Theater kritt.

Dat 1860 vum Alberto Cavos gebaute Gebai gouf am Ufank no der Maria Alexandrowna von Hessen-Darmstadt, der Fra vum Zar Alexander II., geenannt. 1919 huet et den Numm "GATOB" ("Gosudarstvennyj akademičeskij teatr opery i baleta", Staatlecht Akademescht Operen- a Ballettheater) kritt a gouf 1935 no dem 1934 ermuerte President vum Leningrader Sowjet, Sergei Kirow, a "Kirow-Theater" ëmbenannt. 1992 huet et säin éischten Numm erëmkritt.

Am Gebai ass fir bal 2000 Spectateure Plaz. Den Operesall ass mat vill Opwand a Blo, Wäiss a Gold dekoréiert. Ablécklech gi grouss Restauréirungs- an Ëmbauaarbechten ënner der Leedung vum Architekt Dominique Perrault duerchgefouert, déi 2009 ofgeschloss solle ginn.

Intendant vum Theater ass de Waleri Abissalowitsch Gergijew.

[änneren] Uropféirungen

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Category:Mariinsky Theatre – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools