Max Ernst

Vu Wikipedia
Max Ernst
Gebuertsnumm Maximilian Maria Ernst
Gebuer 2. Abrëll 1891
Brühl
Gestuerwen 1. Abrëll 1976
7. Arrondissement
Nationalitéit Kuba, USA, Frankräich
Educatioun Universitéit Bonn
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Dichter, Graphiker, Designer, Bijousdesigner, Graveur, Psychiater, Bauzeechner, Illustrateur, Graveur, Zeechner
Member vun Der Blaue Reiter
Famill
Bestuet mat Peggy Guggenheim

De Max Ernst, gebuer den 2. Abrëll 1891 zu Brühl a gestuerwen den 1. Abrëll 1976 zu Paräis, war en däitsche Kënschtler, Moler a Sculpteur.

1919 huet hien zesumme mam Johannes Baargeld an Hans Arp d'Kölner Dada-Grupp gegrënnt. 1922 ass en op Paräis geplënnert, wou e sech mat de Surrealiste ronderëm den André Breton zesummegedoen huet an zu engem vun de wichtegste Memberen am kënschtleresche Beräich vun där Beweegung gouf. Um Ufank vum Zweete Weltkrich gouf en e puermol a Frankräich internéiert, konnt awer zesumme mat der Konschtmäzenin Peggy Guggenheim, déi seng drëtt Fra gouf, 1941 an den Exil an d'USA goen. 1953 ass e mat senger véierter Fra, der Molerin Dorothea Tanning, hannescht a Frankräich wunne gaangen.

Mat senge Biller, Collagen a Skulpturen huet de Max Ernst mysteriéis Bildkombinatiounen, bizarr Wiesen, déi dacks Vigel waren, a phantastesch Landschafte geschaf. Nieft sengem kënschtleresche Wierk huet hien och Gedichter geschriwwen, an autobiographesch, wéi och konschttheoreetesch Texter.

D'Technike Frottage, Grattage an Drip Painting, als Oszillation entwéckelt, ginn op hien zeréck.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Werner Spies (Ed.), Max Ernst Œuvre-Katalog, sechs Bänn, zesumme mat der Sigrid a Günter Metken; d'grafescht Wierk gouf vum H. R. Leppien beschafft. DuMont, Köln 1975–1976, Nodrock 2004, ISBN 978-3-8321-7418-7. Band 7 Werke 1964–1969 publizéiert 2007 am selwechte Verlag ënner der ISBN 978-3-8321-7606-8.
  • Jürgen Pech (Ed.), Max Ernst. Graphische Welten, DuMont, Köln 2003, ISBN 978-3-8321-7322-7
  • Roland Penrose, Max Ernst's Celebes, University of Newcastle Upon Tyne, 1972
  • Ulrich Bischoff, Max Ernst 1891–1976. Jenseits der Malerei, Taschen, Köln 1988, ISBN 3-8228-0244-1; Neioplag 2009 ISBN 978-3-8228-6594-1.
  • Ludger Derenthal a.a., Max Ernst – Traum und Revolution, erausg. vum Werner Spies. Hatje Cantz, Ostfildern-Ruit 2008, ISBN 978-3-7757-2234-6
  • Karoline Hille, Gefährliche Musen: Frauen um Max Ernst, Edition Ebersbach, Berlin 2007, ISBN 978-3-9387-4036-1
  • Edward Quinn, Max Ernst, Texter vum Max Ernst, Uwe M. Schneede, Patrick Waldberg, Diane Waldmann. Éditions Cercle d'Art, Paräis 1976
  • Werner Spies, Max Ernst. Leben und Werk, DuMont, Köln 2005, ISBN 978-3-8321-7521-4
  • Patrick Waldberg, Max Ernst, Éditions Pauvert, Paräis 1958
  • Gabriele Wix, Max Ernst: Maler. Dichter. Schriftsteller, Fink, Paderborn 2009, ISBN 978-3-7705-4812-5

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Max Ernst – Biller, Videoen oder Audiodateien