Men at Work

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Men At Work)
Men at Work
Aktiv Joren: 1978–1986, 1996–2002,
geleeëntlech Reuniounen
zënter 2012
Grënnungsplaz Melbourne, Australien
Genre New Wave, Pop-Rock
Ursprénglech Memberen
Gesank, Gittar Colin Hay
Batterie Jerry Speiser
Gittar, Hannergrondgesank Ron Strykert
Flütt Greg Ham
Bassgittar John Rees

Men at Work war eng australesch Rockband, déi hir gréisst Succèsen an den 1980er Joren hat. Den Numm ass dem Colin Hay agefall, wéi e bei engem Schantje laanschtgefuer ass, wou néng Bauaarbechter ronderëmsouzen an nëmmen ee vu hinne geschafft huet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Band gouf zu Melbourne vum Gittarist Ron Strykert (* 1957) an dem Sänger Colin Hay gegrënnt. Spéider koumen de Greg Ham, den John Rees an den Jerry Speiser derbäi. Bekannt gouf d'Band mat den Nr-1-Singlehits Who Can It Be Now? an Down Under. D'Lidd Down Under, en ëmgankssproochleche Begrëff fir Australien, ass en ironeseschen Hommage un Australien a gëllt nieft Waltzing Matilda als heemlech Nationalhymn vun Australien.

Den Album Business As Usual war 15 Woche laang Nummer 1 an den US-Charts a krut sechsmol Platin.

Nom zweeten Album Cargo, wou och den Hit Overkill drop war, hu sech zwéi Membere vun der Band getrennt; an nom relativ klenge Succès vum drëtten hu sech Men at Work opgeléist. D'Membere vun der Band hu sech verschiddene Solo-Projeten zougewannt.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Studiosalbumen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Albumen A AUS CH D GB USA NL S N
1981 Business As Usual - 1 - 15 1 1 2 16 1
1983 Cargo - 1 - 7 8 6 9 8 4
1985 Two Hearts - 16 16 31 - 50 - 37 -

Livealbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1998 Brazil
  • 2010: Live in San Bernardino

Singelen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Joer Titel Chart-Positiounen[1]
AT AU CH DE UK US
1982 Down Under - 1 1 9 1 1
1982 Who Can It Be Now - 2 - 71 45 1
1983 Be Good Johnny - 8 - - 78 -
1983 Overkill - 5 - 30 3 21
1983 It's a Mistake - 34 - 19 33 6
1983 Dr Heckyll And Mr Jive - 6 - - 31 28
1985 Everything I Need - 37 - - - 47

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. DE