Metting

Vu Wikipedia
Metting
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Sarrebourg-Château-Salins
Kanton Phalsbourg
Postcode 57370
Gemengecode 57462
Koordinaten 48° 48’ 48’’ N
      07° 12’ 46’’ O
Fläch  521 ha
Bevëlkerung  385 (2016)

Metting ass eng franséisch Gemeng am Museldepartement an der Regioun Grand Est.

Si gehéiert zur Communauté de Communes du Pays de Phalsbourg a läit am westlechen Deel vun de Vogesen.[1]

Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm huet germanesch Wuerzelen a kënnt vun enger Persoun, déi Matto geheescht huet. Do ass dann -ingen oder -ing dru gehaange ginn. Déi zwou Alternativen hu sech ofgewiesselt: sou gëtt d'Uertschaft an Dokumenter 1791 an tëscht 1871 an 1918 Mettingen genannt, an 1793 just als Metting bezeechent.

Op Franséisch ginn d'Awunner Mettingeois a Mettingeoises genannt.[1]

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Zënter 1793 gëtt an der Gemeng reegelméisseg d'Bevëlkerung gezielt. 2016 hunn zu Metting 385 Leit gewunnt. Dat waren der 6,94% méi wéi 2011.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Zu Metting gëtt et eng Baach déi einfach Ruisseau de Metting genannt gëtt an den Haaptwaasserlaf an der Gemeng ass.[1]

Am Schnëtt läit Metting op enger Héicht vun 260 Meter.[1]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 paysdephalsbourg.fr: Presentatioun vu Metting um Site vun der Communauté de Communes du Pays de Phalsbourg (gekuckt de 15. Februar 2019