Meyerode

Vu Wikipedia
Meyerode
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Däitsch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Amel
Koordinaten 50° 19’ 45.19’’ N
      06° 11’ 19.41’’ O
Telefonszon 080
Postcode 4770


Meyerode ass eng belsch Uertschaft a Sektioun an der Gemeng Amel a Wallounien, an der Provënz Léck.

Si gehéiert zur Däitschsproocheger Communautéit vun der Belsch a läit an den Ostkantonen, déi eréischt 1919, nom Traité vu Versailles, bei d'Belsch koumen.

Virdrun huet d'Uertschaft grad wéi d'Gemeng Amel vun 1814 bis 1919 zu Preise gehéiert, an tëscht 1919 an 1922 stoung se ënner Verwaltung vum Haut-Commissariat royal. Vun 1940 bis 1945 war se un d'Drëtt Räich ugeschloss.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Meyerode eng eegestänneg Gemeng.

Uertschaften, Häff a Lieu-diten an der Sektioun[änneren | Quelltext änneren]

Gut Eid, Habeloch, Herresbach, Herresbachermühle, Hervort, Hochkreuz, Keppelborn, Medell, Rohlkaul, Strasse, Wallerode.