Millimeterpabeier

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Millimeterpabeier ass normale Pabeier, dee speziell bedréckt ass.

Am heefegsten fënnt een an Hefter Pabeier, op deen Haisercher vun der Gréisst 5 Millimeter op 5 Millimeter gedréckt sinn. Millimeterpabeier huet am Géigesaz dozou normalerweis zwar och déi Andeelung, mee gläichzäiteg sinn dës Këschtercher nach eng Kéier a 25 Këschte vun 1 mol 1 Millimeter ënnerdeelt.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Uwendungen

[änneren] Physik

An Zäiten an deenen et nach keng Computere goufen, déi Graphike mat allerhéchster Prezisioun maachen, huet een déi Graphike missen op der Hand maachen. Eng prezis Zeechnung op normalem oder souguer op karréiertem Pabeier ze maachen, war onméiglech. Déi gréisst Genauegkeet kann een ereechen, andeems ee fir seng Graphe Millimeterpabeier benotzt.

[änneren] Medezin

Fichier:Ekg millimeter art.jpeg
Speziellen EKG Millimeterpabeier

An der Medezin, an zumols bei der Elektrokardiographie ass Millimeterpabeier net méi wechzedenken. Wann een op engem EKG wëll klengst Verännerungen erkennen, schreift een en Auszuch vun dem EKG op spezielle EKG Millimeterpabeier mat. Je no Astellung steet 1 mm da fir eng bestëmmten Zäit. Heefeg steet 1 mm fir 50 Millisekonnen. Doduerch loossen sech mam bloussen A klengsten Ofwäichunge vun der Norm erkennen an unzeechnen an op deem Wee eng Diagnos stellen.

[änneren] Mathematik

An der Mathematik fënnt Millimeterpabeier an der Geometrie säin Notzen. Millimeterpabeier ass optimal fir Zeechnunge vun héijer Prezisioun ze maachen, wat besonnesch wichteg ass wann eng Figur op der aner opbaut.

[änneren] Architektur (Bauwierker, Elektronik)

Architekte benotzen, wa si Zeechnungen maachen, och gäre Millimeterpabeier. Ee Virdeel vu karréiertem Pabeier ass, datt e sech problemlos vergréissere léisst well automatesch all Figur a Sekteuren ënnerdeelt gëtt.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen