Misurinaséi
De Misurinaséi (ital. Lago di Misurina) ass e Séi an den Dolomiten an der Provënz Belluno an Italien. E läit op enger Héicht vun 1.756 Meter an et kënnt een vu Südwesten dohinner vu Cortina d'Ampezzo aus iwwer d'Regionalstrooss SR48, déi iwwer de Passo Tre Croce féiert, an da vun der Kräizung fir op Auronzo di Cadore iwwer d'Provënzstrooss SP49. Vun Norde kënnt een dohinner vun Toblach am Pusterdall iwwer d'Staatsstrooss SS51 an no der Kräizung zu Carbonin iwwer d'SS48Bis duerch den Dall Popena bassa.
Ronderëm de Séi leien d'Biergmassiver vun den Tre Cime, dem Monte Piano, vun der Cardini-Grupp an dem Monte Cristallo. Am Süde leien d'Massiver vun der Marmarole a Sorapsis. Laanscht de westlechen Uwänner vum Séi stinn e puer Hoteller.
De Séi ass maximal 5 Meter déif, an huet eng Fläch vu ronn 14 ha. Vun der Südspëtz bis zur Nordspëtz miesst e ronn 1 Kilometer an déi gréisste Breet ass 350 Meter.
Koordinaten:
46° 34’ 55’’ N 12° 15’ 13’’ O